arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tour de France Preview: Alt nees Pogačar géint de Rescht?

Cyclissem

|
reading time

6 min

headphones

6 min

play_arrow

Tour de France Preview: Alt nees Pogačar géint de Rescht?

Déi gréisste Vëloscourse op der Welt steet virun der Dier: Den Tour de France. Muer geet et zu Barcelona mat engem Ekippenzäitfuere lass. Am Virfeld ginn et awer zwee Campen: Déi, déi enorm gespaant sinn, an déi, déi sech eng langweileg Course erwaarden.

reading time

6 min

headphones

6 min

play_arrow
Déi dräi grouss Favoritten op de Podium: (v. l. n. r.): Jonas Vingegaard, Tadej Pogačar a Paul Seixas | © EPA/LUCA ZENNARO - EPA/GIAN EHRENZELLER - EPA/OLIVIER MATTHYS
Déi dräi grouss Favoritten op de Podium: (v. l. n. r.): Jonas Vingegaard, Tadej Pogačar a Paul Seixas (Foto: EPA/LUCA ZENNARO - EPA/GIAN EHRENZELLER - EPA/OLIVIER MATTHYS)

Den Tour de France huet bei de leschten Editiounen net onbedéngt fir ganz vill Spannung beim Kampf ëm de Maillot jaune suerge kënnen. D'lescht Joer hat den Tadej Pogačar géint en ugeschloene Jonas Vingegaard liicht Spill.

Dëst Joer ginn et awer vill Vëlosfannen, déi sech richteg op d'Grande boucle freeën. De Grond? D’Startlëscht ass vollgepaakt mat groussen Nimm.

Eng vollgepaakte Startlëscht

Um Depart stinn déi zwee bescht Generalsfuerer, déi et aktuell ginn: Tadej Pogačar (UAE Team Emirates - XRG) a Jonas Vingegaard (Team Visma | Lease a Bike). Dann dat grousst Talent Paul Seixas (Decathlon CMA CGM Team), wou ganz Frankräich drop hofft, datt hien et op de Podium packt.

Mat um Depart stinn och de belschen Olympiagewënner Remco Evenepoel (RedBull-Bora Hansgrohe), den Hollänner Mathieu van der Poel (Alpecin - Premiertech), den Dän Mads Pedersen (Lidl-Trek), oder nach de Britt Tom Pidcock (Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team).

An och eng helle Wull u Kandidaten, déi sech Chancen op de Podium ausrechnen, wéi den Däitsche Florian Lipowitz (RedBull-Bora Hansgrohe), de Mexikaner Isaac del Toro (UAE Team Emirates - XRG), oder och de Spuenier Juan Ayuso (Lidl-Trek).

Pogačar net ze klappen?

Firwat awer gëtt d'Virfreed op d'Course bei verschiddene Leit gedréckt? Dat huet mam Kampf ëm de Maillot jaune ze dinn.

De grousse Favorit ass den Tadej Pogačar. Hien huet déi lescht zwou Editioune kloer gewonnen an insgesamt scho véier Tour-Victoiren an der Täsch.

Dëst Joer – an dat muss ee sech mol virstellen – huet hie vu 16 Courssen, respektiv Etappen, bei deenen hien um Depart stoung, ganzer 11 gewonnen.

Dat schlechtste Resultat war eng 12. Plaz op enger Tour de Suisse Etapp. A souguer do ass hien zäitgläich mam Gewënner klasséiert ginn.

Dat weist, wéi gutt hien a Form ass.

Den Tadej Pogačar | © EPA/GIAN EHRENZELLER
Den Tadej Pogačar (Foto: EPA/GIAN EHRENZELLER)

Vingegaard och gutt a Form

Säi grousse Kontrahent, de Jonas Vingegaard, ass awer och gutt a Form, schliisslech huet hien den Giro d’Italia gewonnen - kloer dominéiert esouguer.

An hei scheede sech e bëssen d’Geeschter. Déi eng soen, d’Konkurrenz beim Giro war relativ schwaach, dowéinst hätt hien esou kloer gewonnen. Anerer awer soen, hien hätt do just 80 Prozent ginn an trotzdeem grouss Ecarten erausgefuer.

Méi fréi am Joer huet hie Paris Nice an den Tour duerch Katalounien och relativ dominant gewonnen. Dat heescht: Jo, um Pabeier sinn allebéid an Top-Form. Mee et kënnt vill op d’Aart a Weis un.

Beispill Tour de Suisse: Op der éischter Etapp huet de Pogačar 72 Kilometer virun der Arrivée attackéiert. Datt ee Leader vun enger Ekipp esou eppes mécht, ass quasi ondenkbar. Hie sot, säi Funk wier net gaangen an hien hätt net gewosst, wat maachen. Du wier hien einfach mol drop lassgefuer.

Mee dat weist, wéi enorm staark de Sloween ass. Op do de Vingegaard mathale kann, dat zweifele vill Leit un.

De Jonas Vingegaard | © EPA/LUCA ZENNARO
De Jonas Vingegaard (Foto: EPA/LUCA ZENNARO)

Zweemol Alpe d'Huez

De Parcours bitt eng Rei Méiglechkeeten ze attackéieren, ass awer bei Wäitem net esou "brutal" wéi an de Jore virdrun, wou schonn op den éischten Etappe relativ grouss Zäitofstänn provozéiert goufen.

Et stinn awer esou vill Héichtemeter um Programm wéi zënter 3 Joer net méi.

Et geet lass zu Barcelona. Vun do aus geet et an d'Pyrenäen, wou ënner anerem de Tourmalet um Programm steet. Da erop op Bordeaux, vun do queesch duerch de Massiv central a Richtung Vogeesen. Do waarden e puer schwéier Etappen op d’Coureuren, éier et nees Richtung Süden an d’Alpe geet. Do gëtt ënner anerem zweemol d’Alpe d’Huez eropgefuer. 

Op der Kinneksetapp, een Dag virun der Arrivée zu Paräis, stinn um Programm: Col de la Croix de fer, den Telegraphe, de Galibier, an d’Schlussmontée erop op d’Alpe d’Huez.

All (franséisch) Aen op de Paul Seixas

Als Fan vum Vëlossport kann ee sech just drop freeën, well esouvill Vedetten zesummen um Depart gesäit een net dacks. Et ass awer ze verstoen, datt fir deejéinegen, deen ausser dem Tour elo kee Cyclissem suivéiert, et langweileg ka sinn, wann um Enn tatsächlech de Pogačar all Etapp gewënnt - mee och e Vëlosfan wëllt dat warscheinlech net.

Mee et ginn esouvill aner interessant Aspekter: De Kampf ëm déi aner Podiumsplazen, ëm de gréngen a gepunkte Maillot. A wéi schléit sech de Paul Seixas?

Hien huet eréischt 19 Joer, mee huet dës Saison enorm staark Leeschtunge gewisen. Bei der Strade Bianche a bei Léck-Baaschtnech-Léck war hien den Eenzegen, deen am Rad vum Pogačar bleiwe konnt – fir e puer Minutten op d’mannst.

Et ass bekannt: D’Fransouse verlaangere schonn esou laang no engem franséischen Tour-Gewënner. De leschte war de Bernard Hinault am Joer 1985. Den Drock op de Schëllere vum Seixas ass also grouss. 

De Paul Seixas | © EPA/OLIVIER MATTHYS
De Paul Seixas (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Just ee Lëtzebuerger mat um Depart

Den Alex Kirsch ass den eenzege Lëtzebuerger um Depart. Et ass no 2022 an 2023 seng 3. Participatioun.

2022 hat hien d’Arrivée zu Paräis net gesinn, 2023 gouf hien 115. am General. Mat mëttlerweil 34 Joer gehéiert hien och zu de méi erfuerene Coureuren a senger neier Ekipp Cofidis.

Den Alex Kirsch | © picture alliance / NurPhoto | Gautier Demouveaux
Den Alex Kirsch (Foto: picture alliance / NurPhoto | Gautier Demouveaux)

D’Arrivée zu Paräis ass de 26. Juli.

play_arrow Lauschteren