arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich souverän - Norwege ka sech op den Haaland verloossen

Fussball-WM 2026

|
reading time

1 min

Frankräich souverän - Norwege ka sech op den Haaland verloossen

Norwegen, Frankräich, Mexiko: Esou heeschen déi dräi nächst Natiounen, déi sech fir d'Aachtelsfinalle vun der Fussball-Weltmeeschterschaft qualifizéiere konnten. Dobäi waren et virun allem d'Fransousen, déi an hirem Match géint Schweden op ganzer Linn iwwerzeege konnten. 

reading time

1 min

© EPA/SHAWN THEW
(Foto: EPA/SHAWN THEW)

Frankräich ass als klore Favorit an de Match géint Schwede gaangen a gouf där Roll och gerecht.

Star-Ensembel ronderëm Mbappé glänzt

D’Equipe Tricolore gewënnt kloer mat 3:0 a konnt sech virun allem op hir Star-Spiller Mbappé an Olise verloossen. De Kylian Mbappé huet zwee Goler geschoss, de Michael Olise huet der zwee virbereet.

An der Aachtelsfinall geet et fir d’Ekipp vum Didier Deschamps elo géint Paraguay.

Norwege gewënnt Match op Aenhéicht

Méi ausgeglach war d’Partie tëschent Norwegen an der Côte d’Ivoire. Nodeems den Nusa d'Norweger an der éischter Hallschent mat engem schéine Schlenzer an de laangen Eck mat 1:0 a Féierung bruecht hat, konnten d'Ivorer eng 15 Minutte viru Schluss ausgläichen.

Zum Schluss war et och hei de Starspiller, dee fir d’Entscheedung gesuergt huet, nämlech den Erling Haaland, dee kuerz viru Schluss den 2:1 markéiert huet.

Norwegen trëfft elo op Brasilien.

Mexiko weider souverän

An da steet mat Mexiko den nächste Co-Organisateur an den Aachtelsfinallen. 2:0 konnt sech El Tri géint Ecuador behaapten. Wien hiren nächste Géigner gëtt, dat gëtt den Owend decidéiert, wann England op déi demokratesch Republik Kongo trëfft.