arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No WM-Aus: Récktrëtt vum Bundestrainer Julian Nagelsmann

Däitsch Nationalmannschaft

|
reading time

1 min

No WM-Aus: Récktrëtt vum Bundestrainer Julian Nagelsmann

Den däitsche Fussball-Bund huet d’Trennung vum Julian Nagelsmann confirméiert. Den DFB wëllt elo Verhandlunge mam Jürgen Klopp féieren.

reading time

1 min

De Julian Nagelsmann den 29. Juni 2026 | © EPA/SHAWN THEW
De Julian Nagelsmann den 29. Juni 2026 (Foto: EPA/SHAWN THEW)

De Jürgen Klopp wier no der Demissioun vum Nagelsmann prinzipiell bereet fir de Poste vum Bundestrainer ze iwwerhuelen, heescht et.

No knapp dräi Joer ass de Julian Nagelsmann also net méi Trainer vun der däitscher Fussball-Nationalmannschaft.

Däitschland war fréi bei der WM eliminéiert ginn

De Julian Nagelsmann war ee Méindeg mat Däitschland an der Siechzéngtelsfinall vun der Fussball-WM géint Paraguay gescheitert. Direkt duerno hat den Nagelsmann ee Récktrëtt nach ausgeschloss.