arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuenien a Portugal een Tour weider ... an treffen elo openeen

Fussball-WM 2026

|
reading time

2 min

Spuenien a Portugal een Tour weider ... an treffen elo openeen

Mat Spuenien a Portugal konnte sech zwee weider Favoritten an hire Siechzéngtelsfinall-Matcher duerchsetzen. Den Europameeschter Spuenien hat bei senger 3:0 Victoire géint Éisträich keng gréisser Problemer. Beim 2:1 tëschent Portugal a Kroatie war et dogéint méi spannend.

reading time

2 min

© EPA/EDUARDO LIMA
(Foto: EPA/EDUARDO LIMA)

Portugal ass liicht favoriséiert an de Match géint Kroatie gaangen, konnt an der éischter Hallschent awer keng Goler schéissen.

Vill Hin an Hier an der zweeter Hallschent

Déi zweet Hallschent hat et dunn a sech. Als éischt huet de Routinier Ivan Perisic d’Kroaten a Féierung bruecht, éier de Christiano Ronaldo per Eelefmeter ausgläiche konnt.

Um Schluss haten d’Portugisen de Lucky Punch op hirer Säit. Den agewiesselte Goncalo Ramos huet nämlech den 2:1 an der 94 Minutt markéiert.

Domat war awer nach net Schluss: An der 13. Minutt vun der Nospillzäit hunn d’Kroaten nach den 2:2 geschoss, dee wéinst Abseits allerdéngs oferkannt gouf.

Spuenien dominant

Portugal kritt et an der Aachtelsfinall elo mat Spuenien ze dinn, déi am Match géint Éisträich gewisen hunn, firwat si zum enke Favorittekrees gehéieren.

3:0 konnt een déi éisträichesch Ekipp schloen an huet dobäi keen Zweifel opkomme gelooss. Éisträich hat och déi eng oder aner Chance, mee um Enn konnt d’Ekipp vum Trainer Ralf Ragnick d’Goler vum Oyarzabal – deen zweemol markéiert huet – a vum Pedro Porro net verhënneren.

Och d'Schwäiz ass een Tour weider

Am Match Schwäiz-Algerien hunn d’Schwäizer eng konzentréiert Leeschtung gewisen an 2:0 gewonnen.

Algerien huet an der éischter Hallschent de Match nach mat animéieren, huet am zweeten Duerchgang awer du staark nogelooss, soudatt d’Schwäiz verdéngt an der Aachtelsfinall steet, wou entweder Kolumbien oder Ghana op si waarden.