Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tom Wirion: Claude Meisch ee kompetente Logementsminister

Handwierkerkammer

Tom Wirion: Claude Meisch ee kompetente Logementsminister

D’Handwierkerkammer weist sech “relativ zefridde” mat de Mesuren aus dem Logementskapitel am neie Regierungsprogramm: et geséich een, datt Ambitiounen do wiere fir dem Bausecteur kuerzfristeg ze hëllefen a fir d’Bauoffensiv unzegoen, esou de Generaldirekter Tom Wirion am 100,7-Interview. 

auto_stories

1 min

Et wier wichteg, datt d’Regierung elo séier handelt, fir d’Moossnamen ëmzesetzen. Wann dat geschitt, da kéint ee virsiichteg optimistesch sinn, datt d’Baukris manner schlëmm wéi gefaart gëtt, an datt et genuch Logementer hei am Land ginn.

Den neie Logementsminister Claude Meisch hätt de Virdeel, datt hie kompetent wier a sech kéint duerch setzen, mengt den Tom Wirion vun der Chambre des Métiers.