Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Tierkei attackéiert d'PKK am Irak an a Syrien

International

D'Tierkei attackéiert d'PKK am Irak an a Syrien

Nom Attentat de Mëttwoch bei Ankara huet d‘Tierkei am Irak an a Syrien Positioune vun der kurdescher Aarbechterpartei PKK an hiren Alliéierten ugegraff.

auto_stories

1 min

Iwwer 30 Ziler wiere getraff ginn, esou den tierkesche Verdeedegungsministère. D‘Tierkei huet d‘PKK als warscheinleche Responsabele vum Attentat um Site vun enger Aviatiouns a Weltraumfirma zu Ankara genannt. Fënnef Leit koumen dobäi ëm d‘Liewen, dorënner zwee presuméiert Täter.