Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Texas: Procureur général stoppt eng Ofdreiwung

USA

Texas: Procureur général stoppt eng Ofdreiwung

Am Texas huet elo de Procureur général d‘Ofdreiwung, déi eng Fra wollt maachen, gestoppt. Dat iewescht Gericht an dësem US-Bundesstaat ass mat extrem konservative Riichter besat, wat d‘Decisioun erkläert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Reginald Mathalone
Foto: picture alliance / NurPhoto | Reginald Mathalone

D‘Fra hat en Donneschdeg virun engem anere Gericht am Texas d‘Recht op déi Ofdreiwung kritt. Si erwaart e Kand mat grave Malformatiounen, a wollt dofir ofdreiwen. Prinzipiell ass am Texas awer eng Ofdreiwung verbueden.

An deem éischten Urteel, wat d‘Autorisatioun ginn hat, hätt de Riichter vu sengem Pouvoir abuséiert: déi concernéiert Fra géif d‘Konditioune fir eng Ofdreiwung net erfëllen, esou de Verdikt vum ieweschte Gericht.