Och déi ganz Géigend ronderëm d‘Tesla-Wierk huet keen Elektresch méi. D‘Ursaach vum Feier ass nach onkloer.
Et kéint och nach net gesot ginn, ob et een Zesummenhang gëtt mat de Protester ronderëm déi eenzeg europäesch Tesla-Autosfabrik. Eng 80 bis 100 Ëmweltaktiviste besetzen zanter leschter Woch een Deel vun engem Bësch, deen den Elon Musk wëll ewechhaen, fir seng Fabrik ze vergréisseren.