Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tëschent Kuel an Niwwel

Wat geschitt mat engem Bësch, dee verbrannt ass?

Tëschent Kuel an Niwwel

Wat geschitt mat engem Bësch, deen duerch e Brand zerstéiert gouf? D’Fondatioun Hëllef fir d’Natur këmmert sech am Éislek ëm een Terrain, dee virun e puer Joer de Flamen zum Affer gefall war. De Joé Birchen wollt wëssen, wéi et mat där Plaz weidergeet, a war mam Claude Schiltz vun Natur&Ëmwelt de verbrannte Bësch besichen.

auto_stories

8 min

headphones

6 min

play_arrow

Fënnef Joer ass et hier, datt an engem dréchne Summer zu Schlënnermanescht zéng Hektar Bësch an Hecke verbrannt waren. Ëm déi 150 Pompjeeë waren iwwer zwee Deeg am Asaz, fir d’Flamen ënner Kontroll ze kréien. Et war ee vun de gréisste Bëschbränn, déi et an der Lescht hei am Land gouf. Den Damp huet ee kilometerwäit gesinn, a wann ee sech d’Biller vun deemools ukuckt, gläiche se de Kuelelandschaften, wéi ee se rezent aus Kanada oder Griichenland kennt.

Op der selwechter Plaz, an e puer Joer an eng Saison méi spéit, ass et awer net méi den Damp, deen engem d’Vue verspäert, mee den Niwwel vun engem frësche Moien am Hierscht.

De Claude Schiltz vun Natur & Ëmwelt ass de Responsabele fir d’Gestioun vun den Terrainen, déi der Naturschutzorganisatioun gehéieren. | © Joé Birchen
De Claude Schiltz vun Natur & Ëmwelt ass de Responsabele fir d’Gestioun vun den Terrainen, déi der Naturschutzorganisatioun gehéieren. (Foto: Joé Birchen)

Iwwereg blouf ee Skelett vun engem Bësch

De Claude Schiltz vun Natur&Ëmwelt ass de Responsabele fir d’Gestioun vun den Terrainen, déi der Naturschutzorganisatioun gehéieren. Am Naturschutz géif een op de geziilten Asaz vu Feier zeréckgräifen, fir Flächen nees ze revitaliséieren an d’Beem an d’Vegetatioun fortzehuelen. Doduerch géife rar Habitater entstoen, op deene Planze wuessen, déi sech soss net esou gutt duerchsetze kéinten. Am Kontext vum Klimawandel an den zouhuelende Bëschbränn gëtt awer op dës kontrolléiert Brandrodung verzicht, esou de Claude Schiltz.

“Dat ass och historesch hei am Éislek gemaach ginn. Am Kader vun de Louhecken-Notzung ass eben och heiansdo een Deel kontrolléiert ofgebrannt ginn an dann erëm Buchweizen dra geséit ginn. Dat ass schonn eppes, wat historesch do war, awer am aktuelle Kader elo kee Sënn mécht, datt mir et diskutéieren. An do war hei eben d’Opportunitéit, ok, hei ass ee Bëschbrand geschitt, elo kënne mir mol kucken, wat hei dono geschitt.”

Doropshin huet d’Organisatioun de Proprietär kontaktéiert an den Terrain vu fënnef Hektar, deen op a ronderëm der Hoflee läit, ofkaaft.

Fënnef Joer ass et hier, datt an engem dréchne Summer zu Schlënnermanescht zéng Hektar Bësch an Hecke verbrannt waren. | © Joé Birchen
Fënnef Joer ass et hier, datt an engem dréchne Summer zu Schlënnermanescht zéng Hektar Bësch an Hecke verbrannt waren. (Foto: Joé Birchen)

Spiechten, Fliedermais a Kauzen

Virum Brand gouf et op dëser Lee bal keen oppene Fiels, mee een niddregen Eechebësch. Deen ass typesch fir d'Éislek, well um Schifer ass de fruchtbare Buedem esou dënn, datt d’Beem immens kleng a verwuesse bleiwen, obwuel se zum Deel ural sinn.

Op der Hoflee schéisst och nach deen een oder anerer Eechebam aus. Et sinn déi wéineg, déi d’Feier iwwerstanen hunn. Déi meescht si futti, wouduerch de Rescht vum Hiwwel och zimmlech dier ass. Wat iwwereg bleift, sinn déi rau Fielskoppe mat engem verdréchente Geäscht, dat wéi ee Skelett vun engem Bësch wierkt.

Déi doudeg Beem, déi ronderëm stinn, zéien trotzdeem Liewen un: Se bidden een excellent Habitat fir Spiechten an och aner Déieren, déi sech ënner anerem an déi verloosse Spiecht-Näschter zeréckzeie kënnen. Dozou gehéiere Fliedermais, Siweschléifer a souguer Kauzen. Genee dowéinst ginn déi Beem och stoe gelooss.

Well d’Sonnestralen net méi duerch Beem a Blieder gebremst ginn, setze sech och méi kleng Planzen duerch. Dat éischt Joer nom Brand hat sech een orangt Mooss, an duerno de Gënz, deen och elo nach iwwerall wiisst, breet gemaach. Op den oppene Süd-Häng gëtt et ee Mikroklima mat bal mediterrane Konditiounen. Dowéinst fënnt een hei esouguer Heesprénger, déi et soss néierens am Éislek gëtt.

Op den oppene Süd-Häng gëtt et ee Mikroklima mat bal mediterrane Konditiounen. | © Joé Birchen
Op den oppene Süd-Häng gëtt et ee Mikroklima mat bal mediterrane Konditiounen. (Foto: Joé Birchen)

Een oppene Labo

Déi gesamt Fläch ass fir d’Fondatioun wéi een oppene Labo. De Claude Schiltz preziséiert awer, datt hei der Natur net nëmme fräie Laf gelooss gëtt

“Also mir hu bis elo nach keng konkret Moossnamen ëmgesat, mee et sinn der awer geplangt. Mir sti jo lo uewen op der Crête. An dann hu mir hei dee Südhang, dee prall d’Sonn ofkritt. Do ass natierlech hei uewen deen Deel: do ass spannend fir ze kucken, wat kënnt, wann de Fiels oppe läit. An da kënnt och net esou séier eppes zeréck. Den ënneschten Deel, dee geet awer bis ganz bei d’Baach erof. An do déi ënnescht 50 Ar, déi wäerte mir uplanzen.”

Hei gëtt Auwald, also eng Zort Bësch, deen no beim Waasser ze fannen ass, ugeplanzt, a weider erop komme verschidden Uebstbeem fir eng gewësse Mëschung ze halen. Well den Drock op d’Planze wéinst dem Wëld esou héich ass, wier et wichteg, d’Entwécklung vun der Vegetatioun ze ënnerstëtzen. De Claude Schiltz geet och dovun aus, datt nächst Joer eng detailléiert botanesch Analys vum ganzen Hang gemaach gëtt.

Lauschterenplay_arrow