Zwee Schüler vum Lycée - ee Jong vu 14 Joer an ee Meedche vun 12 Joer – hätte Sträit kritt wéinst engem Handy. De Jong hätt dunn eng Soft-Air-Pistoul benotzt, eng Zort Loftdrock-Waff.
Kee vun den zwee wier blesséiert ginn. Beamte vum Service de la protection de la jeunesse a vun der Police judiciaire wieren intervenéiert an hätten d‘Pistoul saiséiert.
De Parquet gouf informéiert an et gouf eng Enquête géint déi Jonk opgemaach, an déi och d‘Eltere mat abezu ginn. De Lycée Guillaume Kroll géif no der Enquête déi passend disziplinaresch Mesuren ergräifen, heescht et an engem Schreiwes vum Direkter, dat eis virläit.