Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Shabason - 1517

play_arrow Live
search

/ No techneschem Problem: Belsche Loftraum war bal zwou Stonne laang gespaart

Kee Fliger konnt starten oder landen

No techneschem Problem: Belsche Loftraum war bal zwou Stonne laang gespaart

An der Belsch war de ganze Loftraum haut um Donneschdeg bal zwou Stonne laang gespaart. Dat wéinst engem gréisseren technesche Problem. Fligere konnte weder landen nach starten. Wéi de belschen RTBF mellt, louch de Problem bei der Firma Skyes, déi fir d‘Kontroll vum belsche Loftraum responsabel ass.

auto_stories

1 min

Den Tower vum Flughafen Bréissel-Zaventem | © Adobe Stock
Den Tower vum Flughafen Bréissel-Zaventem (Foto: Adobe Stock)

De Fluchsécherungssystem wier géint 15 Auer de Mëtteg ausgefall. All Fluchhäfen an der Belsch, Bréissel, Antwerpen, Ostende, Charleroi a Léck ware gespaart. Well de ganze Loftraum gespaart ass, ginn och all Fligeren, déi elo iwwer d‘Belsch fléien, an d‘Nopeschlänner deviéiert. De Fluchtrafick géif elo rëm lues ulafen.