Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taux de réussite: Gréisser Disparitéiten am Général

Educatioun

Taux de réussite: Gréisser Disparitéiten am Général

Viru ronn enger Woch koumen d’Resultater vun de Premièresexamen eraus: Am Classique koumen dëst Joer 85 Prozent vun de Primaner duerch, géintiwwer 66 Prozent am Général. Am fréieren Technique goufen awer zum Deel gréisser Disparitéiten notéiert. Wouru läit dat?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Am Général hunn zum Beispill nëmmen 42 Prozent vun de Schüler:innen an der Informatik den Exame gepackt, oder just 47 Prozent an der Infirmiersformatioun.

D'Enseignantsgewerkschafte gesinn ënner anerem d’Covid-Pandemie a Reformen am Cycle inférieur vum Général als Grond dofir. De Minister ass do awer méi virsiichteg, wann och Diskussiounen net verschloss.

D'Orientéierung stellt Problemer duer

Fir de Claude Meisch derivéiert de Cru 2024 net par rapport zu Joergäng virdrun. Hie schwätzt vun enger scho bal traditioneller Divergenz tëschent Classique a Général. Woubäi deen een oder anere Punkt den Educatiounsminister awer interpelléiert an all Joer Formatiounen him Suerge maachen. Bei der Informatik an der Infirmiersformatioun dëst Joer misst een den Detail kucken.

"Well wa mir bei just 50 Prozent Taux de réussite sinn, da muss awer iergendeppes anescht och nach falsch sinn."

Dat kéint d’Orientatioun sinn, seet de Claude Meisch. Déi wier vläicht net ëmmer super gelaf, fënnt och d'Vera Dockendorf vum SEW a gëtt e Beispill.

"Wann een d’Commerce-Klassen zum Beispill kuckt, do muss een da gutt an de Sprooche sinn, an d’Mathé gëtt guer net gekuckt. Mee duerno ass een awer op enger Commerce, an et huet ee Compta, et huet een Eco. Do ass d’Mathé dann awer wichteg."

Covid-Pandemie als Grond?

An den Ae vun der Gewerkschaftlerin spillt awer virun allem d’Covid-Pandemie eng Roll. Am Classique gouf et kee Leeschtungsabroch, am Géigendeel zum Général. Dat hätt mam sozio-ekonomesche Background vun de Schüler:innen ze dinn. Vill Général-Schüler:innen hätten doheem net déi néideg Ënnerstëtzung.

E weidere Grond wiere Reformen am Cycle inférieur vum Général: Vu 7ème bis 5ème kéime Schüler:innen duerch, ouni duerchfalen ze kënnen. D’Vera Dockendorf fuerdert, datt déi am Général ënnert d’Äerm gegraff kréien, amplaz datt duerch d’Fangere gekuckt gëtt.

“Wéi ee vu 7ème bis 5ème kann duerchkomme mat enger 10 an der Mathé an dono mat där 10 op Mathé op eng Commerce geet ...”

Dat wier de falschen Usaz. Schüler:inne misste kënnen un hiren Defiziter schaffen, sou d’SEW-Vertriederin, fir déi et och schonn an der Grondschoul Reforme bräicht.

Talenter sollen developpéiert ginn

De Claude Meisch fënnt et iwwerdeems net gutt, datt Lëtzebuerg e Land ass mat enger traditionell héijer Quot beim Duerchfalen. Hie wéilt net mordicus drop drécken, datt Schüler:innen e Joer widderhuelen. Déi, déi eng Schwächt an engem Fach hunn, missten ënnerstëtzt ginn, wat awer net dozou féieren dierft, datt si hir Stäerkten net kéinten ausliewen. Et misst ee villméi kucke fir dat Talent, wat si hunn, ze developpéieren.

“Dofir hëlleft et awer net, dass si ëmmer nees dat selwecht Joer maachen, fir eigentlech nach eng Kéier gesot ze kréien, dass se doran net sou gutt sinn.”

APESS: Schüler:inne ginn decouragéiert

D’Gewerkschaft APESS hat hirersäits eng schrëftlech Äntwert op eis Froen eraginn. Si ass dovun iwwerzeegt, datt d’Promotiounskrittären am Général zu ville Falschorientéierunge féieren.

Schüler:inne géifen ze spéit realiséieren, datt wa si sech hire Wee verbaut huun, a géifen doduerch decouragéiert ginn. De Minister hätt am Dezember erkläert, datt geplangt ass, d’Promotiounskrittären ze evaluéieren an ze iwwerschaffen. De Claude Meisch huet dat och am Gespréich mam 100,7 confirméiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun