Radioen

On air

Notturno  |  Kae Tempest - Nice Idea

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Taina Bofferding gëtt nei Fraktiounscheffin vun der LSAP

Nei Oppositiounsleaderin

Taina Bofferding gëtt nei Fraktiounscheffin vun der LSAP

D'Taina Bofferding soll wéi erwaart déi nei Cheffin vun der gréisster Oppositiounsfraktioun LSAP ginn. Vize-Fraktiounscheffin gëtt d’Paulette Lenert. Dat huet d’Fraktioun de Moien decidéiert an duerno op enger Pressekonferenz um Krautmaart matgedeelt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi 40 Joer al zukünfteg Oppositiounsleaderin Taina Bofferding war déi lescht fënnef Joer Inneministerin a Ministerin fir Chancëgläichheet. Si wier "ganz motivéiert" deen neien Challenge als Fraktiounscheffin unzehuelen, huet si erkläert. 

Der LSAP hir Roll an hir Instrumenter fir Politik ze maache wäerte sech elo änneren, huet d’Taina Bofferding ugekënnegt.

"Trotzdeem, alleguerten eis Ziler, déi sozial Gerechtegkeet, d’Solidaritéit, wäerte mer weiderhi verdeedegen, déi wäerten sech net änneren."

D’LSAP-Fraktioun wéilt déi nächst Regierung awer net kritiséiere just fir se ze kritiséieren, huet déi zukünfteg Fraktiounscheffin och annoncéiert.

"Éischtens halen ech näischt vun esou engem Politikstil, zweetens sinn ech keng Meckerin, ech wëll Léisungen, ech schaffe gäre fir d’Land."

An apropos Stil, do huet d’Taina Bofferding ugekënnegt, sech an Zukunft wëllen trei ze bleiwen.

"Ech sinn eng Leaderin, déi, d’Leit zesumme bréngt, déi diskutéiert an dann Entscheedungen hëlt. A genau dee moderne Féierungsstil well ech gären och hei mat an d’Fraktioun bréngen."

Wat d’Koalitiounsverhandlungen tëschent CSV an DP ugeet, huet d’Taina Bofferding mat Bezuch op d’Fro vum Zäitpunkt vun der Publikatioun vum Koalitiounsaccord een “grousse Manktem un Transparenz” festgestallt.

Fir d’Zukunft vun der eegener Fraktioun huet si sech ganz zouversiichtlech gewisen.

"Mir kënne Majoritéit, mee mir kënnen och Oppositioun, an dorop freeë mir eis.”

Lauschterenplay_arrow