Radioen

On air

9 bis 1  |  Harvey Sutherland - Feeling Of Love Feat. Dam-Funk

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ FGFC: Kierzunge vu Primme kéinten de System rëselen

TICE

FGFC: Kierzunge vu Primme kéinten de System rëselen

Am Zesummenhank mat der Diskussioun ëm d'Primme fir d'Mataarbecter:inne vum TICE fuerdert d’FGFC déi selwecht Reegelunge fir all d’Beschäftegt am Gemengendéngscht.

auto_stories

1 min

D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal weist sech verwonnert, datt den Inneminister Léon Gloden eng Léisung fuerdert, fir datt d'Primme beim interkommunale Syndikat vum Persounentransport am Süden ewechfale sollen.

 Fir d’FGFC kéinte Kierzunge vu Primmen de System rëselen. Et wier ee sech zwar bewosst, dass d’Situatioun beim TICE ganz ugespaant wär, mä d’Finanze kéinten net op Käschte vum Personal sanéiert ginn.