Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi entwéckelt sech de Gaspräis?

Ouni Gaspräisdeckel

Wéi entwéckelt sech de Gaspräis?

Dëst Joer ass de Gaspräis ëm ronn fënnef Prozent um Maart gefall, mee d'Stéit wäerte méi déif an d'Täsch gräifen, wëll d'Reseauskäschten elo net méi vum Staat bei de Privatstéit bezuelt ginn. Dowéinst géif de Präis um Ennconsommateur 2025 och klammen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Et geet een och dovunner aus, datt de Gaspräis bannent deenen dräi nächste Jore wäert erofgoen, sou géif de Präis vu virum Ukrainkrich awer net kënnen erreecht ginn. De Präis vum Gas huet dann e weesentlechen Impakt op de Stroumtarif, sot den Erik von Scholz. An deem Beräich ginn et nach méi Incertituden.

"Was wir sagen können ist, dass wir diese Preisspitzen jetzt nicht mehr sehen. Die Preise - auch bei Strom - gehen zurück, aber leider nicht auf das Niveau von vor der Krise. Es wird nach wie vor von sehr vielen Unwirkbarkeiten abhängig sein und deswegen werden wir unsere Produkter auch so gestalten, dass wir teilweise feste Fixprodukte anbieten, aber für die, die aktiver am Markt agieren, wollen wir einfach dynamesche Tariffe weiterhin anbieten."

Am Stroumberäich geet Enovos dovunner aus, datt déi nei Tariffsstruktur, déi den ILR mat den Netzbedreiwer decidéiert huet, an déi den éischte Januar a Kraaft trëtt, ronn 20 Prozent vun de Stroumclientë wäert betreffen, seet den Erik von Scholz.

"Grundsätzlich ist sie natürlich Teil einer Regulierung, die darauf aus ist, die Nachfrage stärker dem Angebot auszurichten. Und die Netzkapazitäten müssen natürlich möglichst optimal ausgenutzt werden. Insofern macht es Sinn, dass man sie verursachungsgerecht verrechnet."

Zur Liwwerungssécherheet am Beräich vum Gas huet den Erik von Scholz nach betount, datt d'Späicher EU-wäit zu 95 Prozent gefëllt sinn. Déi méi mëll Temperaturen am Oktober, mee och dee méi niddrege Verbrauch vun der Industrie, erlaben et, d'Späicher nach ze fëllen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft