Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nidderaanwen ënnerschreift Absichtserkäerung fir ee Wandpark

Wandenergie

Nidderaanwen ënnerschreift Absichtserkäerung fir ee Wandpark

Nidderaanwen wëll an ee Wandpark investéieren, an huet dofir eng Absichtserklärung mat der Firma Soler gutt geheescht. Et goufe 4 potentiell Standuerter an der Gemeng identifizéiert. Et geet elo drëm ze kucken ob déi 4 Sitten effektiv kënne fir d’Produktioun vu Wandenergie genotzt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Chambre des Deputés play_arrow
Foto: Chambre des Deputés

Wann Alles riicht leeft kéinten d’Wandmillen 2028 a Betrib goen, bis dohinner mussen nach déi néideg Autorisatiounen ugefrot ginn, iwwert d’Kommodo Inkommodo Prozedur, och d’Ëmweltverwaltung muss festleeën ob deem Projet näischt am Wee steet.

Verschidden Etüde goufe scho gemaach

Et sinn awer schonn Etüde realiséiert ginn, erkläert de Paul Zeimet vun der Firma Soler.

"Wou mer dann d'Experten erausschécken, déi ginn da kucke wéi eng Villercher sind op der Plaz, wou ginn déi Villercher Joen, wou sinn hir Näschter. Awer och, wéi gesot, den Haaptvolet ass och d'Fliedermais.

D‘Ëmweltstudie wieren deemno ausschlaggebend, wann et drëms geet, d‘Standuerter ze identifizéieren. Och de Buedem gëtt analyséiert an den Impakt op d‘Leit.

Een onofhängegen Expert muss déi Donnéeën nach iwwerpréiwen.

"Visuell Schiedegunge ginn immens an der Limitt gehalen" 

Eng Suerg déi et bei de Bierger dacks gëtt ass déi vum Kaméidi, an datt een déi Wandmille gesäit, do betount de Schäffe Jacques Bauer.

„Et ass awer och esou, datt deemno vu wou ee kuckt, datt scho ganz villes duerch d‘Topographie an duerch d'Bëscher verstoppt ass, insofern mengen ech, datt d'visuell Schiedegunge sech immens an der Limitt wäerten halen.“

Energieparkgesellschaft Nidderaanwen

Eng Wandmille kann den aktuelle Konsum vun 2.500 Stéit couvréieren. Si 4 Wandmillen dann net ze vill? do betount de Buergermeeschter vun Nidderaanwen Fred Ternes:

„Wa mer soen, all Haus géing elo mat enger Wäermepompel bedriwwe ginn, wa mer dat och wëllen u Stroum hierstellen, da misste mer, trotz all deene Photovoltaikanlagen, déi ugefrot a planifiéiert sinn an och vun der Gemeng aus scho projezéiert sinn, trotzdeem nach zwee Wandrieder. Fir u sech just de Verbrauch vun de private Stéit kënne lokal hierzestellen.“

Soler an d’Gemeng grënnen elo zesummen, d’Energieparkgesellschaft Nidderaanwen. Et ass virgesinn datt d’Bierger:inne sech um Kapital kënne bedeelegen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft