Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Inneminister mécht Lénksextremiste fir Sabotage verantwortlech

TGVen fueren nees normal

Inneminister mécht Lénksextremiste fir Sabotage verantwortlech

Dräi Deeg no de Sabotage-Akten op de franséischen Zuchreseau mécht de franséischen Inneminister Gérald Darmanin Lénksextremiste fir d'Attacke verantwortlech. D‘Attacke géingen engem "traditionelle Virgoe vu Lénksextremisten“ entspriechen, sot de Gérald Darmanin géigeniwwer France 2.

auto_stories

1 min

Zuch vun der SNCF | © picture alliance / imageBROKER | Arnulf Hettrich

Hie confirméiert iwwerdeems, datt ee lénksextremen Aktivist gëschter festgeholl ginn ass. Am Auto vum Verdächtege wieren Zangen an ee Schlëssel fir déi technesch Anlage vun der SCNF fonnt ginn.

Aus dem franséischen Transportministère heescht et, datt déi franséisch TGVen de Moien nees all normal fueren. D‘SNCF hat gëschter scho matgedeelt, datt no de Sabotage-Akte vum leschte Freideg d‘Fléckaarbechte fäerdeg wieren, an haut net méi mat Perturbatiounen ze rechne wier.