arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg soll éischt Land an Europa ginn an deem autonom Autoen dierfe fueren

Mobilitéit

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerg soll éischt Land an Europa ginn an deem autonom Autoen dierfe fueren

Vun 2028 u sollen zu Lëtzebuerg Autoen dierfe fueren, déi deelweis automatiséiert sinn a net méi permanent op e mënschleche Chauffer ugewise sinn. D'Strategie mam Numm “Automatiséiert Fueren 2028" huet als Zil, dat autonoomt Fueren als éischt Land an Europa ze erlaben.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Autonoomt Fuere soll an Zukunft zu Lëtzebuerg eng vill méi grouss Roll spillen. | © Adobe Stock
Autonoomt Fuere soll an Zukunft zu Lëtzebuerg eng vill méi grouss Roll spillen. (Foto: Adobe Stock)

Wat a verschidden Deeler vun der Welt, wéi den USA oder Asien, scho Realitéit ass, soll also geschwënn och zu Lëtzebuerg méiglech sinn: Auto fueren ouni dauernd selwer um Steierrad ze sinn.

5 Cas-de-figurë si virgesinn

D’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes versprécht sech vum automatiséierte Fuere virun allem méi Sécherheet op eise Stroossen. Déi Tendenz géif een och bei den aktuelle Pilotprojete erkennen.

"Dat ass natierlech eppes, dat misse mir en permanence suivéieren. Natierlech kann och eppes schifgoen an engem autonom gefuerenen Auto, mee déi Informatiounen, déi mir elo hunn, léisst eis am Fong concluéieren, dass et éischter zur Stroossesécherheet wäert bäidroen, als de Contraire."

An der Regierung hirer Strategie, déi den Numm "Automatiséiert Fueren 2028" dréit a vun de Ministere Backes an Delles um Donneschdegmëtteg presentéiert ginn ass, si 5 Cas-de-figurë virgesinn an deenen autonom Autoen zukünfteg an den Asaz kéinte kommen.

"Dat wier dann op den Autobunnen zum Beispill. Och d'Robotaxien. Dat wier zum Beispill fir Valet-Parking, fir de Logistiksecteur, respektiv och a confinéierten Plazen, wou ee puer honnert Meter oder vläicht och iwwer e Kilometer mat autonome Gefierer kann ënnerwee sinn."

Eng Partie Froe bleiwen op

De Projet ass bei den Deputéierten an der Chamber dann allgemeng gutt ukomm. Dat, obwuel sech nach eng ganz Rei u Froe géife stellen, wéi den LSAP Deputéierte Georges Engel bei der Presentatioun ugemierkt huet. 

"An Amerika an a China ass dat scho vill méi verbreet wéi dat an Europa verbreet ass. Mee dat wäert och heihinner kommen. An duerfir ass et gutt, datt ee virbereet ass an datt ee sech déi richteg Froe stellt, fir dastt een dat och kéint esou implementéieren hei zu Lëtzebuerg, wéi dat och muss sinn."

Et géifen sech eng ganz Partie Froen a Punkto Sécherheet an Assurancë stellen, esou de Georges Engel. Mee och wéi "een dat digital gutt apéckt an och sécher mécht."

Eng Rei Froe wiere scho wärend der Prestatioun beäntwert ginn. Aner Froe missten op internationalem Niveau gekläert ginn. Den LSAP Deputéierte fënnt, datt et "u sech eng gutt Saach ass". 

Tom Weidig: Strategie bleift ze vag

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig gesäit de Projet dogéint e bësse méi kritesch. D’Strategie, esou wéi se um Donneschdegmoien an der Chamber presentéiert gouf, wier nach ze vag.

"De Problem ass, an Däitschland a Frankräich maache se dat fir e Marché vun 80 Millioune Leit. Jo, mir maachen dat fir e Marché fir 600.000. Mee mir mussen awer genee déi selwecht Aarbecht maachen. Dat heescht op eis zu Lëtzebuerg kënnt do wierklech proportionell vill méi Aarbecht op eis duer."

Et misst een och kucken, wéi een d'Stroosse méi "AI friendly" maache kéint. Dat wier ganz wichteg, esou nach den ADR-Deputéierten Tom Weidig zur Strategie “Automatiséiert Fueren 2028”.

Den Ament géif mat Héichdrock dru geschafft gi fir dës Froen ze klären, verséchert d’DP-Ministerin. Ufank Nächst Joer wëllt si der Chamber spéitstens hire Gesetzesprojet presentéieren. 

play_arrow Lauschteren