Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontradiktoresch Politik ronderëm de Tubakkonsum

Tubak a Gesondheetspolitik

Kontradiktoresch Politik ronderëm de Tubakkonsum

De Präis vum Tubak huet ee groussen Afloss op d’Verhale vun de Mënschen. Zu Lëtzebuerg bréngt den Tubak awer ronn fënnef Prozent vun de Budgetsrecetten. déi gréng gesinn doranner eng Kontradiktioun mat der Gesondheetspolitik a fuerderen eng substantiell Präishausse um Tubak.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Bigstock / CatherineL-Prod play_arrow
Foto: Bigstock / CatherineL-Prod

A Frankräich gouf bewisen, datt virun allem Jonker am Fall vun enger Präishausse vill manner Tubak consomméieren.

Duerch d’Präisdifferenz tëschent den Nopeschlänner a Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi Verkeef un Netresidenten. Ee Pak Zigarette kascht a Frankräich 11,50 Euro, am Verglach mat Lëtzebuerg ass dat eng Differenz vu sechs Euro pro Pak.

Kontradiktioun mat der Gesondheetspolitik

De gréngen Deputéierte François Bausch huet vun enger Kontradiktioun geschwat tëschent der Gesondheetspolitik an dem Erhale vun där Präisdifferenz mat den Nopeschlänner.

Wéi den aktuelle Finanzminister Gilles Roth virun zwee Joer nach CSV Deputéierte war, hat hien an der Chamber ebe grad déi Kontradiktioun och ernimmt. Bewosst doriwwer, wéi vill Steierrecetten eleng duerch den Tubak eragéinge kommen. De François Bausch zitéiert de Gilles Roth:

"'D'Steierakommes um Tubak an op den Zigaretten, dat ass mëttlerweil méi wéi d’Hallschent vun der Kierperschaftssteier. Dat ass ee Véierel vun der Lounsteier, dat ass méi wéi d’Gewerbesteier, dat ass méi wéi d’Verméigenssteier an dat Duebelt vun der Ierfschaftssteier. An haalt Iech gutt un: Dat si 400 Millioune méi wéi d'Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell deemools.‘“

Gilles Roth: Et kann een net op déi Accise verzichten

Och den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement zitéiert de Gilles Roth mat sengen Aussoe vu virun zwee Joer. De Gilles Roth hätt deemools net verstanen, firwat den Differenziell ëmmer méi grouss gëtt, wann et ëm d‘Gesondheet vun de Leit geet.

Mëttlerweil stellen d’Accisen an d’TVA, déi um Tubak erhuewe ginn, fënnef Prozent vun de Lëtzebuerger Budgetsrecetten duer. Dat sinn eng Milliard Euro. Et ass een net prett, dorobber ze verzichten, erkläert de Finanzminister Gilles Roth wärend enger Debatt an der Chamber.

"Mir hu schwiereg Zäiten de Moment, um Niveau vun eisen ëffentleche Finanzen. Mir musse kucken, datt mir d'Trajectoire vun onser Schold offlaachen.“

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup fënnt, datt een op déi eng Milliard net ka verzichten, wann ee Sozialausgaben, Kannergeld an aner Sue fir d‘Bevëlkerung wëllt garantéieren.

déi Lénk: Präishausse muss kommen

Eng ganz aner Meenung vertrëtt de Marc Baum vun déi Lénk, fir deen eng Präishausse muss kommen.

"Ech mengen, datt mir gesondheetspolitesch net derlaanscht kommen, fir wierklech d'Präisser um Tubak an d'Luucht ze setzen. Ech mengen, datt dat, an d‘Etudë weisen och, datt dat eppes ass, wat en Incentive ass.“

D‘Chamber wäert sech nach eng Kéier mat verschidden Aspekter vun enger Motioun zum Tubakskonsum an enger Chamberkommissioun befaassen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft