Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - Skinny Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 111 Doktere benotzen aktuell de Paiement immediat direct

Santé

111 Doktere benotzen aktuell de Paiement immediat direct

Vun den 2.600 Dokteren hei am Land benotzen den Ament 111 Stéck de Paiement immediat direct. Dëst goung aus enger Äntwert op eng parlamentarescher Fro vun der ADR ervir.

auto_stories

1 min

Dokter | © Marcelo Leal / Unsplash
Foto: Marcelo Leal / Unsplash

Beim PID bezilt de Patient just nach säin eegenen Deel vun der Rechnung, also net méi dat, wat hien herno vun der CNS zeréck kritt hätt. Dat schreift d’Gesondheetsministesch an enger Aentwert op eng Parlamentaresch Fro vun der ADR.

Deemno hätt den Dokter zwee Deeg nodeems d’Preuve de paiement bei der CNS agaangen ass säin Deel iwwerwise kritt. Weider heescht et an der Äntwert vun der Ministesch, datt d’CNS ënnert anerem iwwert déi néideg Outile verfüügt fir SEPA Viremente bannent Sekonnen ze realiséieren, 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7, an dëst ouni zousätzlech Fraise fir den Dokter oder Zänndokter. Dëst bedeit, datt de Virement bannent Sekonne beim Dokter ukënnt, wann d'Bank de virement instané ënnerstëtzt.

Aktuell ginn et 5 Softwaren, déi eng Attestatioun hunn, fir de System vum PID ze applizéieren, heescht et weider vun der Martine Deprez.