Radioen

On air

Spektrum  |  Rinocerose - Awake Feat. Benjamin Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besser Remboursementer vun de Brëller: Martine Deprez weist sech oppen

Petitioun fuerdert komplette Remboursement

Besser Remboursementer vun de Brëller: Martine Deprez weist sech oppen

An der Chamber gouf iwwer eng Petitioun debattéiert, déi de komplette Remboursement vu Brëller fuerdert. Dës Petitioun hat schonn am Februar 5.474 Ënnerschrëfte kritt. Déi zoustänneg Ministesch huet gewëssen Ouverturen annoncéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Brëller | © Unsplash play_arrow
Foto: Unsplash

 Aktuell kritt een 30 Euro fir ee Brëllegestell zeréck. Bei de Glieser hänkt et vun der Zort vun de Glieser a vun der Dioptrie of, mee fir een unifokaalt Glas mat enger Dioptrie vu manner wéi 6 läit d’Prise en charge och bei ongeféier 30 Euro.

Petitionärin: 30 Euro pro Glas geet bei Villen net duer

Dat géif bedeiten, datt een aktuell an der Moyenne ëm déi 70 Prozent vum Brëll nach ëmmer selwer bezuele muss, sou d’Petitionärin Jade Emini.

“Mir kënnen näischt dofir, datt mir net gutt gesinn, an 30 Euro pro Glas rembourséieren ass net immens vill fir Leit, déi net immens vill Suen hunn, de Mindestloun hunn, méi Kanner hunn.” 

D’Petitionärin ass der Meenung, datt een hei nach u verschiddene Schrauwen dréine kéint. Notamment um Delai vun all 3 Joer, deen aktuell fir de Remboursement gëllt, an un der Prise en charge fir Kanner- a Sportsbrëller.

Martine Deprez: D'Leit bleiwen op 41 Milliounen Euro setzen

Och d’Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet Martine Deprez huet preziséiert, wéi vill de Remboursement vun de Brëller de Staat aktuell kascht.

“De Moment kréie mir Rechnungen eran an engem Joer fir ronn 57 Milliounen Euro. Dovu gi 16 Milliounen Euro en charge geholl. Dat heescht, d’Leit bleiwen op 41 Milliounen Euro setzen. Dovu ginn der 11 Milliounen zu Laaschte vun de Monturen. Dat heescht déi 30 Euro, déi ee fir d’Gestell erëm kritt, an 30 Millioune fir d’Glieser.” 

D’Ministesch huet dann och drop higewisen, datt et aktuell schonn d’Méiglechkeet gëtt, bei der Krankekeess ee sougenannte Remboursement complémentaire unzefroen.

“Do ass dës Woch nach eng Publicitéitscampagne vun der CNS erausgaangen. Wann een 2,5 Prozent vu sengem Brutto-Akommes selwer muss en charge huelen, ab do kann een ee Remboursement complémentaire froen.” 

Zum Schluss vum Debat huet d’Ministesch sech dann oppe gewise fir sech fir ee bessere Remboursement vun de Kannerbrëller an de Glieser anzesetzen. D’Martine Deprez wëll dat elo un de Verwaltungsrot vun der CNS weiderginn. 

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft