Arabesch Medien hate schonn am Viraus gemellt, datt den Umar al-Baschir mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptraagt gouf.
No der Chute vum Assad-Regimm a Syrien hunn d'Rebellen de Prozess fir e Muechtwiessel lancéiert. D'Diskussiounen iwwer den Transfert vun der Muecht hätten ugefaangen, esou den Abou Mohammad al-Jolani, Chef vum islamistesche Rebelle-Grupp HTS.
Den al-Jolani sot weider, et géif geschwënn eng Lëscht publizéiert gi vun all deenen, déi responsabel wiere fir Folter a Mord géint dat syrescht Vollek.
Iwwerdeems huet Israel gëschter um Méindegowend an hënt weider Ziler a Syrien aus der Loft ugegraff. Israel hätt iwwer 250 Attacke lancéiert an déi wichtegst militäresch Sitten am Land zerstéiert, esou d'ONG Syreschen Observatoire fir Mënscherechter mat Sëtz zu London.
Den UN-Emissaire fir Syrien Geir Pederson huet Israel dozou opgefuerdert, mat den Attacken an Syrien opzehalen. Dës Militäroperatiounen wieren immens beonrouegend, huet et vum Diplomat zu Genz geheescht.
Den UNO-Sécherheetsrot huet sech gëschter um Méindegowend op Demande vu Russland mat der Situatioun a Syrie befaasst. De russeschen UNO-Ambassadeur sot duerno, de Sécherheetsrot wier sech méi oder wéineger eens, datt déi territorial Integritéit vu Syrie misst erhale bleiwen.