E Méindeg Owend schonn hätt d‘Justizkommissioun am Parlament mat grousser Majoritéit gréng Luucht gi fir dëse Schrëtt. D‘Deputéiert wéilten deemno kläre loossen, ob d‘Decisioun vun der Kommissioun rechtméisseg war, fir, trotz all Kritik u Verstéiss géint rechtsstaatlech Prinzippien an Ungarn, agefrueren EU-Gelder an Héicht vu ronn 10 Milliarden Euro fir d‘Land fräizeginn.
Bréissel hat argumentéiert, datt den ungaresche Regierungschef Orbán déi néideg Conditiounen dofir erfëllt hätt.