Radioen

On air

Détente sous l'Olivier  |  

play_arrow Live
search

/ Südkoreanesche Verdeedegungsminister trëtt zeréck

Politescht Chaos

Südkoreanesche Verdeedegungsminister trëtt zeréck

A Südkorea ass de Verdeedegungsminister zeréckgetrueden. Dat nodeems d'Krichsrecht duerch de President Yoon Suk-yeol kuerzfristeg ausgeruff an dunn erëm annuléiert gouf.

auto_stories

1 min

© Bigstock
Foto: Bigstock

Den Ex-Verdeedegungsminister sot, hie géing d'Verantwortung iwwerhuelen, well all Truppen op seng Uweisung hi gehandelt hätten. De President huet den Demissiounsbréif ugeholl an de südkoreanesche Botschafter a Saudi-Arabien als neie Verdeedegungsminister nominéiert.

D'Ausruffe vum Krichsrecht huet politesche Chaos a Südkorea ausgeléist. D'Oppositioun huet am Parlament eng Motioun deposéiert, fir de President ofzesetzen. Dëse Samschdegowend lokaler Zäit gëtt iwwer dës Motioun am südkoreanesche Parlament ofgestëmmt.