Radioen

On air

Détente sous l'Olivier  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Südkorea: Razzia am Büro vum President Yoon - Fréiere Verdeedegungsminister mat Suizidversuch 

President refuséiert Récktrëtt

Südkorea: Razzia am Büro vum President Yoon - Fréiere Verdeedegungsminister mat Suizidversuch 

A Südkorea huet d'Police um Mëttwochmoien de Büro vum President Yoon duerchsicht. Hien hat d'lescht Woch probéiert, d'Krichsrecht a Südkorea ze imposéieren. De President a seng Alliéiert kréien Opstand virgehäit an e puer vun hinnen dierfen d'Land den Ament net verloossen.

auto_stories

1 min

© Bigstock
Foto: Bigstock

De fréiere Verdeedegungsminister, deen d'Responsabilitéit fir d'Deklaratioun vum Krichsrecht geholl huet, hätt probéiert, sech am Prisong ze suicidéieren. Dat sot en Offiziellen aus dem Justizministère am südkoreanesch Parlament. 

De President huet sech entschëllegt, mee refuséiert, zeréckzetrieden. Hie gëtt weider majoritär vu senger Partei ënnerstëtzt an huet leschte Weekend e Vott iwwerlieft, fir hien ofzesetzen. D'Oppositioun wëllt fir dëse Weekend nach esou e Vott organiséieren.