Hire Vertrieder Gary Diderich huet an der Diskussioun ënner anerem d’Administratioun vum interkommunale Persounentransport am Kanton Esch kritiséiert. Iwwer Joerzéngte wier den TICE nämlech ouni Strategie verwalt ginn.
Als Beispill huet de Conseiller vun déi Lénk vun Investissementer geschwat, déi schleefe gelooss gi wieren.
"Et kann net sinn, dass elo gesot gëtt, dass dank der Privatiséierung vun engem Deel vun de Servicer dann elo endlech kann an d'Elektromobilitéit investéiert ginn. Vun enger sozialistescher Féierung ass dat politeschen Aarmut!”
Den zukünftege Syndicat mixte tëscht Staat a Gemenge géif vläicht bei der Verwaltung hëllefen, huet de Gary Diderich gehofft. Awer och gefaart, datt et duerch déi nei Konventioun zu Verschlechterunge fir d’Personal kéim, dat schonn onzefridde wier. Dofir kéint hien déi Konventioun net matdroen.
Keng Spuermoossnam, mee Verbesserung fir d'Personal
Den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch hat do virdrun allerdéngs vu Garantië fir d’Personal geschwat. All Mataarbechter géif iwwerholl ginn.
"Dat ass en däitlecht Zeechen, dass et bei dëser Reform net ëm Spuermoossnamen op Käschte vum Personal geet, mä et geet ëm eng Verbesserung vum Service."
Dem Gemengepapp no huet d’Konventioun, déi den 1. Januar 2027 a Kraaft trëtt, zwou Haaptfunktiounen.
“Déi éischt: d'Finanzéierung an d'Fonctioun vum TICE sécherzestellen, an déi zweet: Weeër opzemaache fir eng nei Struktur, de sougenannte Syndicat mixte État-Gemengen, deen den TICE no 2027 ofléise soll."
Datt de Staat, wat de Finanzement ugeet, iwwer 10 Joer maximal 750 an d’Gemengen 150 Millioune bäisteieren, géif d’finanziell Belaaschtung previsibel maachen, sou nach de Guy Altmeisch.
Um Ufank vun der Sëtzung vum Déifferdenger Gemengerot hat den CSV-Schäffen Tom Ulveling erkläert, datt am Kader vun der Reewaasseretüd de ganze Kanal ënner ArcelorMittal ënnert d’Lupp geholl gouf. Elo misst ee kucken, wou de Kanal misst modifizéiert ginn, fir datt sech den Offloss vum Waasser verbessert. An datt beim CHEM Nidderkuer zwee Stäck Containeren opgeriicht ginn, an deenen ënner anerem en neien Hôpital du jour entsteet.