Am Fall vum Makadamm, deen zu Déifferdeng benotzt gëtt, gouf Heckeschnëtt benotzt fir de Biochar hierzestellen. Et wier awer och méiglech Klärschlamm ze benotzen, erkläert de Philippe Reuter.
"Dee Biochar, dat ass näischt aneschters wéi organescht Material, wat mat Hëllef vu Pyrolys verkueelt gouf. Dat heescht, d'Verbrennung ënner Ausschloss vu Sauerstoff. An dozou kann een u sech allméiglecht organescht Material huelen."
D'Pyrolys selwer wier een energieintensive Prozess. Allerdéngs wier deen heite Biochar vun enger Entrepris, déi eng negativ Carbon-Bilanz garantéiert, seet de Philippe Reuter.
Neien Asphalt gëtt elo mol getest
Et géif sech bei dësen 200 Meter ëm eng Zort Test handelen, erkläert d'LSAP-Schäffin fir Mobilitéit an Ëmwelt, d'Zenia Charlé.
"Notzt d'Strooss d'selwecht séier of wéi een normalen Asphalt? A wann déi positiv ausfalen, da si mir als Gemeng gär dobäi, fir dat och méi wäit an eiser Gemeng auszebreeden."
Härtetest zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ass et déi éischte Kéier, datt dëse Makadamm an den Asaz kënnt. A beispillsweis verschiddenen hollännesche Stied gëtt e scho länger benotzt. De Makadamm géif elo zu Lëtzebuerg anere Kräften ausgesat ginn.
"Hei fueren Auto, Camion, Busser driwwer. Dat ass for eng Strooss e ganz schéinen Härtetest."
Och aner Stied géifen op de Makadamm zu Déifferdeng kucken, esou nach de Philippe Reuter.
Lauschtert hei dat ganzt Gespréich