Den US-President Donald Trump huet Gespréicher confirméiert: Et géif ee gesinn, wat da passéiert.
Den Donald Trump huet an der lescht den Drock op den Iran erhéicht a Krichsschëffer an d‘Regioun geschéckt. Am Streit geet et ëm den iraneschen Atomwaffeprogramm, deen net vun den Amerikaner toleréiert gëtt.
Reaktioun op EU-Decisioun
De President vum iranesche Parlament huet um Sonndegmoien zu Teheran annoncéiert, datt déi europäesch Arméie fir si "Terroristen" sinn. Dat ass d‘Äntwert op déi europäesch Decisioun vun dëser Woch, fir déi iranesch Revolutiounsgarden als Terrororganisatioun anzestufen.