arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit ëm Virkafsrecht: Stad kritt och an zweeter Instanz Recht

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Sträit ëm Virkafsrecht: Stad kritt och an zweeter Instanz Recht

D'Stad Lëtzebuerg huet och an zweeter Instanz virun der Cour administrative Recht kritt. Et geet ëm e bal 160 Ar groussen Terrain am Neiduerf, fir deen d'Gemeng vun hirem Droit de préemption Gebrauch gemaach hat.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Eng Immobilienagence hat sech géint dës Decisioun gewiert.

Am Mee 2022 hat d’Immobilienagence aus der Stad mat enger Sàrl e Compromis ënnerschriwwe fir d’Vente vun deem Terrain. Den zoustännegen Notär hat d’Stater Gemeng 5 Méint drop doriwwer informéiert a gefrot, ob si vun hirem Virkafsrecht Gebrauch maache wéilt. Dee selwechte Mount nach hat de Schäfferot decidéiert, dat ze maachen.

Stad wollt Terrain fir ëffentlech Projeten notzen

D'Gemeng hat e Budget vu 4,5 Milliounen Euro virgesi fir  Sportsterrainen an der Noperschaft vum Sportskomplex Grauhans ënner anerem e Parking, Wunnengen an eventuell weider Sportsterrainen ze amenagéieren.

Am Dezember 2022 hat de Gemengerot dës Decisioun eestëmmeg confirméiert.

D’Immobilienagence war am Mäerz 2023 dowéinst op d’Verwaltungsgeriicht gaangen. D’Riichteren haten de Recours am Januar dëst Joer zwar recevabel erkläert, mee als net fondéiert zeréckgewisen. Am Februar hat d’Agence Appell géint dat Urteel ageluecht.

Geriicht gesäit genuch Begrënnung

D'Riichter vun der Cour administrative hu sech virun allem mam Argument vun der Immobilienagence befaasst, datt d'Stad keng valabel Argumenter geliwwert hätt, fir hiert Virkafsrecht ze ënnermaueren.

D'Cour deelt dës Meenung awer net. Si kënnt zur Conclusioun, datt d'Stad am Moment, wou si hiert Virkafsrecht ausgeüübt huet, nach kee fäerdege Projet huet missen hunn. Och wann nach kee konkrete Plang fir den Terrain virgeluecht gi war, wier scho Rieds gewiescht vun engem Potenzial fir Sportaktivitéiten an Urbanismus op deem Site am Neiduerf.

Virun deem Hannergrond misst de Pouvoir préemptant e gewëssene Spillraum hunn. Den Appell vun der Immobilienagence wier zwar recevabel, awer net justifiéiert, soudatt d'Decisioun vun der éischter Instanz confirméiert gëtt.

play_arrow Lauschteren