Zwou Persounen zu Lëtzebuerg mat europäeschem Haftbefehl festgeholl
Am Kader vun enger franséischer Enquête iwwer den Doud vun dräi Persounen a Südafrika sinn zu Lëtzebuerg zwou Persoune festgeholl ginn. Dat deelt de Parquet mat. Et geet ëm en 71 an e 44 Joer ale Mann, géint déi Frankräich europäesch Haftbefehler ausgestallt hat.