search

/ Stoltripartite ouni Premier: Gewerkschafte weise sech enttäuscht

Aarbecht

|
headphones

2 min

Stoltripartite ouni Premier: Gewerkschafte weise sech enttäuscht

Nodeems de Premier Luc Frieden annoncéiert huet net bei der Stoltripartite dobäi ze sinn, weisen sech d’Gewerkschaften enttäuscht. Am 100,7-Interview erkläre Vertrieder vun LCGB an OGBL, et hätt ee gehofft, datt de Premierminister Luc Frieden d’Presidence vun der Tripartite géif iwwerhuelen.

headphones

2 min

© NICOLAS BOUVY
(Foto: NICOLAS BOUVY)

Ëmmerhin hätt hie sech duerch säi Gespréich mam CEO vun ArcelorMittal selwer an den Dossier abruecht.

Duerch d’Presenz vum Premierminister hätt ee sech erhofft, weider Detailer zu sengem Echange mam CEO vun ArcelorMittal ze kréien, erklären d’Vertrieder vun de Gewerkschaften. Si haten de Premierminister opgefuerdert och un der Tripartite deelzehuelen nodeems bekannt gi war, datt Arcelor Mittal iwwerpréift ob eng 1.100 Aarbechtsplazen aus der Verwaltung zu Lëtzebuerg kéinten a Richtung Indien a Polen delokaliséiert ginn.

Ministèrë musse sech lo erklären

D’ Gespréicher géifen elo awer just mat den zwee Ministere fir d’Aarbecht a fir d’Wirtschaft weiderlafen. Vun de Vertrieder vu béide Ministèren erhofft ee sech elo Explikatiounen, seet de Robert Fornieri vum LCGB.

"Il faudra que là maintenant on clarifie ce point, cette discussion, cette entrevue qu'il y a eu au haut niveau pour débloquer le préalable, puisque c'était devenu un préalable dans la poursuite des discussions."

Nächst Woch wier eng Reunioun mat Vertrieder vu béide Ministère virgesinn, wou een da gären déi Äntwerten hätt esou de Robert Fornieri weider. Sengen Informatiounen no sollt dat och geschéien.

Wichteg, d‘Positioun vun der Regierung ze kennen

Et wier wichteg, datt een d’Positioun vun der Regierung géif kennen, fënnt och de Jean-Luc de Matteis vum OGBL.

"Fir ze kucken, wat stelle si sech vir, wéi d'Siderurgie hei am Land déi nächst 5, 10, 20, 30 Joer ausgesäit."

Réischt wann een d’Positioun vun der Regierung géif kenne kéint ee probéieren op e gemeinsamen Nenner ze kommen, esou de Jean-Luc de Matteis. Hie weist sech optimistesch, datt een een Accord fënnt. Dat wier „iwwerliewenswichteg“ fir d‘Stolindustrie.

"Datt mer d'Invester ofsécheren an datt mer do d'Aarbechtsplazen ofsécheren."

Accord leeft Enn Mäerz aus

Bis Enn Mäerz soll en neien Tripartite Accord Lux2030 fonnt ginn. Da wier nämlech eng Tripartite mam CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz an dem DP-Wirtschaftsminister Lex Delles ugesat, erkläert de Jean Luc de Matteis. Zu dem Zäitpunkt leeft och den aktuellen Accord Lux2025 aus. Dee war usech schonn am Dezember ausgelaf, ma gouf dunn awer nach eng Kéier ëm dräi Méint verlängert.