Virun enger Rei vu Joren haten sech d’Julien Baker an TORRES (mam richtegen Numm Mackenzie Scott) virgeholl, datt et dach eng Iddi wier, zesummen e Country-Album opzehuelen. Aus deem Projet gouf awer fir d’éischt emol näischt, well béid Kënschtler:innen net nëmmen erfollegräich Solo-Karriären hunn, mee d’Julien Baker och nach mam All-Star-Trio Boygenius (mat der Phoebe Bridgers an de Ludy Dacus) ënnerwee war.
Mat de Konventioune briechen
Elo sinn déi zwielef Stécker vun “Send A Prayer My Way” dobaussen, a beim éischte Lauschteren ass een:t paff doriwwer, wéi klassesch de Sound ass, a wéi wéineg Baker an TORRES aus deem Kader ausbriechen, deen de Genre hinne setzt. D’akustesch Gittare blénken, d’Pedal Steel kräischt an doriwwer suergt eng zolidd Couche Straicher fir nach méi Gefill. Et gëtt een:t erënnert un de Gram Parsons, d’Patsy Cline a méi rezent och un d’Jayhawks.
Country ass spéitstens zënter der Beyoncé hirem 2024er Album “Cowboy Carter” erëm en Thema, souguer fir Leit, déi soss mat där Musek éischter manner kënnen ufänken. Wärend d’Beyoncé awer R’n’B a Soul-Elementer, genee wéi elektronesch Kläng mat abruecht huet, sinn et bei der Julien Baker an TORRES virun allem d’Texter, déi mat de Konventioune briechen.
Geschichte mat Emotiounen
Béid Museker*inne si queer, TORRES definéiert sech donieft als non-binär, an si erzielen hei virun allem queer Libesgeschichten. A “Wednesday” geet eng Bezéiung an d’Bréch, well d’Partnerin sech net traut, zu hirer Homosexualitéit ze stoen, an sech vun hirer konservativer Famill ënner Drock setze léisst. Awer och hir Drogen- an Alkohol-Ofhängegkeet thematiséiert d’Julien Baker notamment am Titel “Bottom of a Bottle”.
Et erstaunt schonn, datt alles hei relativ gefälleg kléngt, an “Send A Prayer My Way” musikalesch kaum Risiken ageet. Dat war wuel Absicht, fir och déi Nolauschter:innen ze gewannen, déi bei méi eckeg agekleete Melodien eventuell ofgeschalt hätten.
Ee mat vill Léift realiséiert Handwierk
Souguer d’Stëmme vu Baker an TORRES verschmëlze mateneen, obwuel se ganz ënnerschiddlech sinn, déi vun TORRES déif a rau, déi vun der Julien Baker méi lëfteg. Plazeweis erënneren hir Harmonien un déi vun engem anere queeren Südstaaten-Duo, den Indigo Girls.
Wien sech awer vu “Send a Prayer My Way” keng Revolutioun erwaart, mee mat genuch Léift realiséiert Handwierk, dee kënnt bei der Plack vun der Julien Baker an TORRES op alle Fall op seng Käschten.