De Festival Musek am Syrdall geet dëst Joer a seng lescht Editioun. Dat huet de Conseil d’Administration op der Websäit vun der ASBL haut matgedeelt. De Grond fir no 36 Saisonen opzehalen wier ënner anerem och op eng positiv Entwécklung vun der Lëtzebuerger Kulturszeen zeréckzeféieren, déi sech professionaliséiert an diversifizéiert hätt, wéi de President Jeannot Waringo betount. Gegrënnt gouf de Festival 1988 mam Zil, zu der kultureller Dezentralisatioun bäizedroen, eng Aufgab, déi mëttlerwei vun enger Rei kulturellen Infrastrukturen uechter d'Land assuréiert géif ginn.
Mir hunn eis Etapp eriwwer, an elo gëtt dat iwwerholl vun deene formidabelen Haiser, déi eng formidabel Programmatioun maachen, mee et ass eng positiv Evolutioun, dass mir elo de Moment geholl hunn, fir ze soen, aner hunn d'Relève geholl.
Dës Relève gesäit de Jeannot Waringo an den Kulturhaiser. Déi lescht Saison vu Musek am Syrdall fänkt den 23.Mäerz un.
De President Jeannot Waringo huet am Interview mam Christophe Mirkes méi ausféierlech iwwer d’Hannergrënn geschwat.