Radioen

On air

Fiasko Fest  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ Steierverwaltung an Enregistrement schaffe verstäerkt zesummen

Kampf géint Steierbedruch

Steierverwaltung an Enregistrement schaffe verstäerkt zesummen

D'Steierverwaltung an den Enregistrement wëlle vun haut u verstäerkt zesummeschaffen. Wéi de Finanzminister an engem Communiqué schreift, wier déi ëmmer méi enk Zesummenaarbecht eng nei wichteg Etapp am Kampf géint de Steierbedruch.

auto_stories

1 min

Suen | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Suen (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

De stellvertriedenden Direkter vum Enregistrement, Christian Buttel, an den neien Direkter vun der Steierverwaltung, Jean-Paul Olinger, hunn haut eng entspriechend Note de Service am Finanzministère ënnerschriwwen.

Ënnert anerem soll den Echange tëschent den zwou Verwaltunge verbessert ginn a reegelméisseg eng Evaluatioun vun der Zesummenaarbecht gemaach ginn.