De Wirtschaftsminister Lex Delles war an der Chamber kloer. Weltwäit ginn et Ënnerscheeder wat d’Energiepräisser ugeet, och well a ville Länner d’Energieproduktioun subventionéiert gëtt, wat eng deloyal Konkurrenz géif duerstellen.
Handele misst een, andeems een et fäerdeg bréngt, d'Energiepräisser an Zukunft ze reduzéieren, esou den Energieminister Lex Delles.
"Wa mer et net fäerdegbréngen, den Energiepräis an Zukunft erofzesetzen, dann ass d'Stolindustrie, nämlech déi ganz Industrie a Lëtzebuerg immens a Gefor. Dofir musse mer op der Energiesäit eppes maachen."
EU-Stroftaxen op us-amerikanesche Stol maache kee Sënn
De Stolsecteur steet ënner Drock an d’EU misst op déi rezent Annoncë vum us-amerikanesche President Donald Trump reagéieren, deen d’Aféiere vun enger Douanestaxe vun 25 Prozent op de Stol annoncéiert huet. Lëtzebuerg mee och d’EU exportéiere méi Stol an d’USA ewéi een ës importéiert, dohier géif eng europäesch Tax op den US-Stol net vill Sënn erginn, sou de Wirtschaftsminister, dee fir Dialog mat den USA plädéiert.
Zu Lëtzebuerg keng Gefor vun Delokaliséierung
Wéi steet et da mat der Lëtzebuerger Stolindustrie, gëtt et eng Gefor vun Delokaliséierung? Nee, seet de Lex Delles.
"Mir ass et net bewosst, datt grouss Deeler vun der Stolindustrie vu Lëtzebuerg sollen delokaliséiert ginn. Et ginn awer natierlech verschidde Branchen an der Stolindustrie, wou hei zu Lëtzebuerg Plus-valueë mat de Produiten, déi produzéiert ginn, net méi esou méiglech sinn."
Wien net an d’Stolindustrie investéiert huet, fir kompetitiv an innovativ Produiten ze vermaarten, deen hätt am weltwäite Konkurrenzkampf à terme keng Chancen, esou de Lex Delles.