arrow_back_ios

article

article

/ Stécht de Lëtzebuerger Filmsecteur an enger Kris? 

Film

|
reading time

3 min

headphones

13 min

play_arrow

Stécht de Lëtzebuerger Filmsecteur an enger Kris? 

Déi rezent Nouvellen aus dem Lëtzebuerger Filmsecteur sinn net immens erfreelech: De Filmstudio Filmland mécht beispillsweis zou. Et dierft een awer net mengen, datt et eng generell Kris am Filmsecteur zu Lëtzebuerg gëtt, mengt den Donato Rotunno.

reading time

3 min

headphones

13 min

play_arrow
Donato Rotunno | © Ana Angel
Donato Rotunno (Foto: Ana Angel)

Et kéint een d'Faillite vun engem Projet net als Spigel fir déi gesamt Situatioun vum Secteur gesinn, seet den Donato Rotunno, President vun der ULPA, der Unioun vun de Produzenten aus dem audiovisuelle Beräich.

Wouer wier awer och, datt ee schonn zënter enger Rei Jore mat verschiddene Problemer confrontéiert wier.

Filmland: Käschten, déi explodéiert sinn

Wat d’Filmland ugeet war den Donato Rotunno mat Tarantula als Produzent um Projet vertrueden. Virun 12 Joer gouf de Filmstudio als Privatinitiativ vu 6 Gesellschaften an d’Liewe geruff. Iwwer 80 Filmer goufe bis haut do gedréit.

Den Haaptgrond, firwat de Studio elo zoumécht, sinn d’Suen.

“Wa mir kompetitiv wëlle bleiwen an Europa mat engem Studio, da musse mir investéieren. Dat si vill Suen, dat kann ee sech als Privatfirma net erlaben.”

Den immens séiere Fortschrëtt an der Technologie wier ee Faktor, deen de Käschtepunkt an de leschte Joren an d’Luucht schéisse gelooss huet, seet den Donato Rotunno.

Hie betount awer och, datt e Filmstudio net onbedéngt do ass, fir Suen ze maachen, mee als “Outil de travail” fir de gesamte Secteur ze gesinn ass.

Betraff si Produzenten, Techniker a Schauspiller

Déi éischt Repercussioune vun dëser Fermeture treffen d’Produzenten, erkläert de President vun der ULPA. Ëmmerhi bréicht een 2 bis 3 Joer, fir auslännesch Projeten op Lëtzebuerg ze bréngen. De Filmstudio war dacks e gutt Argument, dat elo allerdéngs ewechfält.

Rezent gouf et och Kritik vun der Associatioun vun den Techniker, déi op de Filmsette schaffen, an hir Aarbechtskonditioune souguer deels als prekär beschreiwen. Dat kéint hie gutt verstoen, mengt den Donato Rotunno. Am Filmsecteur schafft ee vu Film zu Film, an dat net ëmmer reegelméisseg.

Als ULPA hätt een awer an de leschte Méint vill mat den Techniker, an och mat de Schauspiller:innen, geschwat, fir Léisungen ze fannen. Esou gouf beispillsweis en Accord mat Barème ageféiert.

“Et gëtt nach vill ze maachen, mee ech si frou, datt den Dialog do ass.”

Den Donato Rotunno betount an deem Kader och, datt ee just kollektiv eng Léisung op d’Problemer fanne kann.

Ouni finanziell Ënnerstëtzung ass e Filmstudio wuel kaum méiglech

Wat d’Zukunft vun engem neie Filmstudio ugeet gesäit d’ULPA sech deemnächst mam Kulturminister. Hei wéilt een dem Minister eng nei Formule fir e Studio presentéieren, seet den Donato Rotunno. Et hätt een d’Situatioun am Ausland genee observéiert, fir net déi nämmlecht Feeler ze maachen.

Dobäi gouf nach eppes aneschters kloer.

“Et gëtt kee Studio an Europa, deen ouni regional, national oder supranational Ënnerstëtzung iwwerliewe kann.”

Esou kéint eventuell eng Institutioun, de Ministère oder och eng Gemeng Deel vun der Léisung sinn, mengt den Donato Rotunno.

Wat ass d'Roll vum Filmfong?

De Guy Daleiden, Direkter vum Filmfong, huet awer scho verlaude gelooss, datt hien net mengt, datt ëffentlech Gelder an e Studio erafléisse sollten. Dat wier och net d’Missioun vum Filmfong, seet den Donato Rotunno. Et kéint een dat awer änneren, wann d’Politik dat wéilt.

Ënner dem Stréch géing et dem Secteur an anere Länner nach vill méi schlecht goen. Rezent sinn an Däitschland ganzer 250 Milliounen Euro investéiert ginn, fir de Filmsecteur nees unzekuerbelen. Mee Lëtzebuerg wier keng Insel, warnt den Donato Rotunno. Problemer a Krisen am Ausland treffen de Lëtzebuerger Filmsecteur och ëmmer.

play_arrow Lauschteren