Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Statec: Schéier tëscht héijen an niddrege Salairë geet wäit auserneen

Aarbecht a sozial Kohäsioun

Statec: Schéier tëscht héijen an niddrege Salairë geet wäit auserneen

Zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer grouss Ecarten tëscht den héijen an de niddrege Salairen. Parallel bleift de Risiko, an d‘Aarmut ze falen héich. Dat sinn e puer Constaten aus dem Rapport travail et cohésion social deen de Statec des Woch verëffentlecht huet.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Et gëtt en däitlechen Ecart tëscht dem Duerchschnëttsloun vu knapp 76.000 Euro an dem Salaire median. Dat heescht vun där enger Hallschent déi driwwer leien an där anerer, déi drënner läit. De Median läit deemno bei 58.000 Euro. Grond: D‘Schéier tëschent héijen an niddrege Salairë géif wäit ausernee goen, sou de Statec. 

10 Prozent vun de Leit mat den héchste Paie verdénge 6,7 mol esou vill wéi Leit mat schwaachem Akommes.

Zuel u Lëtzebuerger Frontaliere klëmmt

Residente verdéngen dobäi däitlech méi wéi d‘Frontalieren: Deen Ecart gëtt awer méi kleng wann een d‘Kafkraaft am Ausland mat där hei am Land vergläicht. Et fält nach eppes anescht op, wéi de Jérome Houry vum Statec erkläert:

„Den Trend deen een och gesäit ass, datt méi Lëtzebuerger Frontalieren dobäi komm sinn, dat si 6 Prozent elo 2022 gewiescht an der leschter Enquête déi mer doriwwer gemaach hunn, an dat stellt 2,9 Prozent vum Emploi zu Lëtzebuerg duer.“

Bis zu 25 Prozent vun der Populatioun falen ënner Aarmutsrisiko

Wat och opfält ass, datt den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg héich bleift. Bei Kanner louch en am Joer 2023 bei 24 Prozent. Och den allgemengen Taux klëmmt all Joer weider. Ufanks 2000 louch den Taux de pauvreté nach bei 12 Prozent.

Zielt ee vun de Paien alles of wat u reegelméissege Fraisen usteet an et behandelt ee just dat zréck wat een dann iwwreg behält da fale souguer 25 Prozent vun der Populatioun an de Risiko vun der Aarmut.

Klengsten Differenz vun de Salairen tëschent Fraen a Männer

Et ginn awer och gutt Noriichten. Esou gëtt am STATEC Rapport festgehalen, datt a kengem aneren EU-Land d‘Differenz vun de Salairen tëscht Männer a Fraen sou kleng ass wéi zu Lëtzebuerg. Och wann et jee no Branche trotz besserem Schoulofschloss nach Benodeelegunge fir d‘Frae géife ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft