Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chômagetaux klëmmt op 5,3 Prozent

Statec/Adem

Chômagetaux klëmmt op 5,3 Prozent

Ronn 16.000 Leit waren Enn August op der Sich no enger Aarbecht. Par Rapport zum Mount Juli ass déi Zuel quasi d‘selwecht bliwwen. Verglach mat der Situatioun virun engem Joer ass et awer eng Hausse vun iwwer 13 Prozent.

auto_stories

1 min

Dat sinn iwwer 1.900 Persoune méi, esou de Statec an d‘Adem an hirem Communiqué. De Chômagetaux klëmmt domat op 5,3 Prozent. Vum Chômage si virun allem Beruffssparte betraff wéi Sekretariat an Assistance, de ganze Restauratiounsberäich, d‘Comptabilitéit an d‘Gestioun an de ganze Bauberäich.

Virun allem Jonker ënner 30 Joer fanne keng Aarbecht an och d‘Zuel vun de Leit mat héije Schouldiplomer geet bei der Adem erop.