Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Start an d’Motorradssaison: Op wat soll een oppassen?

Mobilitéit

Start an d’Motorradssaison: Op wat soll een oppassen?

D’Fréijoer ass do, an domat sinn och erëm méi Leit mat Motorrieder ënnerwee. Dobäi gëtt et eng sëlleg Saachen, op déi ee muss oppassen, éier een en éischten Tour mécht. Am Formatiounszenter zu Colmer-Bierg kann ee sech och a séchere Konditioune rëm un d‘Motorrad gewinnen.

auto_stories

3 min

headphones

17 min

© Centre de Formation pour conducteurs play_arrow
Foto: Centre de Formation pour conducteurs

Den Direkter vum Centre de Formation fir Chaufferen Eric Mathias betount, datt ee virum éischten Tour virun allem muss garantéiere kënnen, datt de Chauffer an d‘Maschinn prett sinn.

Dat heescht fir d‘Chaufferen, kucken ob hir Kleedung an d‘Ekipementer nach gutt sinn. Bei de Motorrieder muss ee préiwen, ob de Loftdrock an de Pneue stëmmt an d‘Ketten anstänneg gespaant sinn.

Eng ganz Checklëscht fënnt een um Site vum Formatiounszenter, erkläert den Eric Mathias. Hien ënnersträicht dobäi och, datt d‘Airbags fir Motorrieder ëmmer méi geleefeg an erschwénglech ginn.

Sech net selwer iwwerschätzen

Wann een eng éischte Kéier rëm wëll e Motorradstour maachen, soll ee sech awer och bewosst sinn, datt ee bëssen aus der Übung ass, an datt et net direkt sou gutt wäert goe wéi um Enn vun der leschter Saison.

Sech selwer iwwerschätzen ass eng vun den Haaptursaache vun Accidenter an déi gréisste Gefor, nieft där, net gesinn ze ginn.

Schlecht Wieder par conter ass am Fong kee Problem, den Direkter vum Formatiounszenter encouragéiert souguer, d‘Fueren am Reen och ze üben.

Den Eric Mathias ass Direkter vum Centre de Formation fir Chaufferen | © Centre de Formation pour conducteurs
Den Eric Mathias ass Direkter vum Centre de Formation fir Chaufferen (Foto: Centre de Formation pour conducteurs)

A séchere Konditiounen üben

An der Formatioun „fit for your bike“ kann ee sech ënner séchere Konditiounen erëm un d‘Motorrad gewinnen. Iwwer 8 verschidden Ateliere kann een d‘Vollbremsung an d‘Auswäichen üben, sou wéi och op verschiddene Vitesse Slalom fueren a seng Balance testen.

An där Formatioun ass den Haaptmessage awer och deen, datt een um Motorrad gären iwwersi gëtt. An enger Camionnette kréien d‘Leit déi matmaachen zum Beispill den Doudege Wénkel demonstréiert.

D‘Demande fir d‘Formatiounen ass grouss. Den Eric Mathias freet sech doriwwer, datt dat ëmmer e Mix ass u Leit déi all Joers kommen an awer och neie Gesiichter.

Lauschterenplay_arrow