Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pilotprojet fir lokal Police Unitéiten an der Stad an zu Esch trëtt haut a Kraft

Zesumme mat Esch

Pilotprojet fir lokal Police Unitéiten an der Stad an zu Esch trëtt haut a Kraft

De Pilotprojet vun de lokale Police-Unitéiten zu Esch an an der Stad trëtt haut a Kraaft. De Moien um 10 Auer gëtt de Projet offiziell virgestallt. Déi Patrullen hunn hir normal Uniformen un a kënnen duerch ee Bändchen um Aarm identifizéiert ginn.

auto_stories

2 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

No enger éischter Phas vu 6 Méint gëtt de Bilan gezunn éier weider Schrëtt fir eventuell aner Gemengen decidéiert ginn. Feststeet, datt si d‘Presenz vun der Police um Terrain solle verstäerke fir preventiv ze handelen, hat den Inneminister Léon Gloden preziséiert.

D’preventiv Aarbecht vun der Police an och d’Presenz um Terrain solle virun allem verstäerkt ginn. Am Audit, deen d’General-Inspektioun vun der Police iwwer déi territorial Reorganisatioun realiséiert hat, gouf notéiert, datt déi repressiv Aarbecht vun der Police 80 Prozent vun den Aktivitéite géif duerstellen, d’Preventioun awer nëmmen 20 Prozent.

An déi lokal Police-Unitéit kéint deem entgéintwierken, betount den Inneminister Léon Gloden.

"Et ass och am Audit erauskomm, datt déi Kommunikatioun tëschent de Buergermeeschteren a Buergermeeschteschen an der Police ka verbessert ginn.“

Och dat kéint mat Hëllef vun där lokaler Unitéit verbessert ginn.

Kloer ass och, datt déi nei lokal Police-Unitéit ënner der Autoritéit vun der Police Generaldirektioun steet, an datt doduerch keng separat Police entsteet. Fir de gréngen Escher Schäffe Meris Sehovic ass dat wichteg.

"Eis ass gesot ginn, datt um Niveau vun der Hierarchie eigentlech näischt ännert. Déi Unité locale de Police ënnersteet der Regionaldirektioun, déi och reegelméisseg a Kontakt kënnt mam Buergermeeschter a mam Schäfferot.“

An der Stad hat de grénge Conseiller François Benoy gefrot, ob just 4 där Polizisten op den Terrain géife goen, esou wéi hien dat héieren hätt. Op déi Fro huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer geäntwert, et wieren der méi wéi 4.

Eng definitiv Äntwert op déi Fro gëtt et bei der offizieller Presentatioun an der Stad.