D’Gemidder hu sech just erhëtzt bei der Diskussioun iwwert d’Konten 2023 vum Centre pour l'égalité de traitement a vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. D’adr huet fonnt, datt déi zwou Entitéite probéiert hätten, d’demokratesch Debatt ze beaflossen. Dat andeems se Positioun ergraff hätten zu den zwou Petitiounen iwwer LGBTQIA+ -Themen an der Schoul.
Penibel dem CET an dem OKAJU de Mond ze verbidden
No enger éischter Interventioun vum Tom Weidig vun der adr huet d’Corinne Cahen vun der DP op déi zweet geäntwert. Et wier ganz penibel, fir dem CET an dem OKAJU de Mond wëllen ze verbidden.
"Mir liewen hei an enger Demokratie, an net nëmmen d’adr dierf hir Meenung soen. Ech fannen dat scho schlëmm genuch, déi ëmmer mussen ze lauschteren."
Eng Definitioun aus "ganz däischteren Zäiten"
Fir d’Sam Tanson vun déi gréng wier et grad d’Funktioun vun deenen zwou Institutiounen, fir d’Mënscherechter ze vertrieden. D'adr géif ëmmer fir d‘Meenungsfräiheet plaidéieren.
"Mee d’Meenungsfräiheet, wéi Dir se verstitt, dat ass just Är eegen."
De Sven Clement vun de Piraten hat genee déi selwecht Vue. Der adr hir Definitioun vun der Meenungsfräiheet wier eng aus „ganz däischteren Zäiten an eiser Geschicht.“
De Fred Keup vun der adr mengt doropshin, datt d‘Nerve bei Verschiddene séier blank géife leien.
CET an OKAJU maache just hir Aarbecht
Fir den David Wagner vun déi Lénk huet d’adr Schwieregkeete mam Begrëff Neutralitéit. Den OKAJU fuerdert, datt d‘Kanner geschützt ginn an d‘Schoulen déi Aarbecht maache mussen. Wann déi Petitioun géif Realitéit ginn, géif dat net geschéien.
D’Taina Bofferding vun der LSAP seet, d’adr hätt gewosst, datt se no den Interventioune vum Tom Weidig Reaktioune kréie géif.
"Et ass och gutt, datt Dir Reaktioune kritt, well dat hei ass e Moment, wou Dir erëm probéiert, Är mënscheveruechtend, anti-sozial, anti-empathesch, reaktionär an zum Deel och Är riets Gedanken hei kënnen ze propagéieren."
Och an den Ae vun der Nathalie Morgenthaler vun der CSV hätten de CET an OKAJU just hieren Job gemaach.
"Well dat ass genee dat, wat hir Roll ass. Liest no, wat an hirem Gesetz steet. Si sollen d’Kannerrechter, d’Mënscherechter, Minoritéite verteidegen, an dat ass absolut kee Mandatsmëssbrauch, wéi et dohannen aus deem Eck gesot ginn ass."
Um Enn goufen d’Konte vu CET an OKAJU iwwregens eestëmmeg ugeholl.