Et gouf bedauert, datt vertraulech Informatiounen aus den aktuelle Verhandlunge virzäiteg un d’Ëffentlechkeet komm sinn, Dat géif onnéideg Onsécherheet bei de Mataarbechter:inne schafen. Béid Säite wieren sech eens, datt laangfristeg Léisunge gebraucht ginn.
Dofir soll de Staat och weider den TICE ënnerstëtzen an déi sozial Acquise géife bäibehale ginn. All Bedeelegt solle sech elo all zwee Méint treffe fir mateneen ze schwätzen an e Suivi ze maachen.