Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Spoon - Hot Thoughts

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spuenien: Lëtzebuerger hëlleft no de schroen Iwwerschwemmungen

Zu Paiporta

Spuenien: Lëtzebuerger hëlleft no de schroen Iwwerschwemmungen

Dräi Wochen no den Iwwerschwemmungen a Spuenien ass d'Situatioun nach ëmmer schlëmm, seet de Ramon Villoldo. De Lëtzebuerger mat spueneschen Originnen hëlleft am Moment zu Paiporta bei Valencia. 

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© picture alliance / NurPhoto | Hazhard Espinoza Vallejos play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Hazhard Espinoza Vallejos

Hie beschreift d'Aarbecht vun de ville Fräiwëllegen um Terrain. Déi staatlech Hëllef wier net grouss genuch an net organiséiert genuch.

De Ramon Villoldo huet op der Plaz decidéiert ze hëllefen. Hien erkläert, wéi d'Hëllef op der Plaz organiséiert respektiv net organiséiert ass. Hien hätt sech op verschiddene Plattformen ugemellt awer ni eng Äntwert kritt.

"Déi sinn total iwwerfuerdert. An ech sinn dunn, mat mengem Cousin, deen hei Famill huet, an hu mer dat aus eegener Initiativ dann organiséiert. An do si ganz kleng Gruppe vu Volontairen, déi dann Haus zu Haus eeben Ausraume ginn, Hëllefe ginn, wou si kënnen."

"Et kann ee sech dat net virstellen"

D'Iwwerschwemmunge bei Valencia sinn elo schonn iwwer dräi Wochen hier. An de Medie geet net méi esou vill doriwwer rieds, mee d'Situatioun op der Plaz ass nach ëmmer schlëmm.

"Et kann ee sech dat net virstellen, wann een et net gesäit. Also et ass net méi esou akut. Et gesäit een natierlech guer keng Läichen. Mee d'Stroosse si plus ou moins fräi, mee awer net propper. Et leien nach iwwerall Autoen, total zerstéiert."

Staatlech Hëllefe ginn net duer

Déi Fräiwëlleg, vun deenen hie schwätzt, mussen déi schwéier Aarbecht deels mat Otemmaske maachen. Et ass stëbseg, an et ass net ausgeschloss, datt an de Kelleren zum Beispill Chemikalien ausgelaf sinn. Et schéngt jiddefalls, wéi wann d'Benevollen eng grouss Hëllef sinn. Déi staatlech Hëllefe ginn nämlech net duer.

"D'Alerte rouge ass lancéiert ginn, wou schonn alles iwwerschwemmt war. Do si politesch Interessen do, déi dozou féieren, dass ganz vill Feeler gemaach gi sinn an net esou vill ënnerholl ginn ass. Déi Rettungsdéngschter op verschidde Plaze sinn eréischt no dräi Deeg dohinner gaangen."

Elo géif een d'Militär an den Dierfer gesinn, awer net esou vill, wéi der missten do sinn, bedauert de Ramon Villoldo. 

"D'Leit hunn et einfach net gepackt"

Konkret hëlleft de Ramon Villoldo den Ament zu Paiporta. Dat ass déi Uertschaft, déi bekannt gouf well d'Mënschen do e puer Deeg no der Katastroph déi spuenesch Kinnekskoppel mat Roserei empfaangen hunn. D'Kinnekskoppel huet awer ëmmerhin nogelauschtert, erënnert sech de Lëtzebuerger Ramon Villoldo. D'Roserei wier och éischter un de spuenesche Premier geriicht, deen huet bannent 5 Minutte missen evakuéiert ginn.

"Dat war net just Roserei, do ware keng riets Radikaler, dat ware just Leit aus deem Duerf, déi et einfach net gepackt hunn. Et ass een Duerf vu 25.000 Awunner, do sinn 68 Leit gestuerwen."

D'Aarbechte sinn iwwerdeems nach laang net fäerdeg. Zu Paiporta sinn nach eng 80 Prozent vun de Kelleren, déi nach mussen eidel gemaach ginn.

Lauschterenplay_arrow