Radioen

On air

9 bis 1  |  Claire Parsons - Falling Into You (Theme Song)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sprenge vu Bancomaten: Kriminell Energie hannendrun léisst sech net erklären

Banken

Sprenge vu Bancomaten: Kriminell Energie hannendrun léisst sech net erklären

An de leschten Deeg ass direkt op dräi Plazen am Land erëm probéiert ginn, Bankomat vu verschiddene Banken an d'Luucht ze sprengen. Mee firwat probéiere Krimineller et ëmmer nees, wann dach gewosst ass, datt et an der Reegel kee Succès versprécht? Mir hu bei enger Bank nogefrot.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Bancomat | © Adobe Stock / Bumble Dee play_arrow
Symbolfoto: Adobe Stock / Bumble Dee

Gëschter um Donneschdeg gouf zu Sëll probéiert, ee Bancomat ze sprengen. Betraff war dës Kéier d’Raiffeisen. Si ass awer bei Wäitem net déi eenzeg Lëtzebuerger Bank, déi betraff ass.

Eng Rei Sécherheetssystemer sinn en place

De Kommunikatiounsdirekter vun der Raiffeisebank erkläert am 100,7-Interview, datt keng Sue konnte geklaut ginn. Hie betount awer, datt souguer wann dat gelong wier, d’Suen net benotzbar gewiescht wieren. An de Geldautomaten ass nämlech ee System en place, deen d’Sue verfierft. Dofir géing ee sech ëmmer nees wonneren, firwat Brigange probéieren, Geldautomaten ze sprengen.

“Et ass eigentlech ëmmer erëm erstaunlech, dass probéiert gëtt, dat doten ze maachen, well souguer wann ee “Succès” hätt, kéint de Brigang näischt mat deene Fongen ufänken.”

De Sécherheetssystem mat der Faarf ass par conter awer net an alle Bancomate verbaut, gëtt de Laurent Derkum zou. Dofir géing et awer eng Rei aner Sécherheetssystemer ginn, déi als Zil hunn, d’Schäiner no sou enger Attack onbrauchbar ze maachen.

Ganz nom Motto: "Probéiere mir emol, et wäert scho goen"

Dës Sécherheetsdispositiffe ginn och lo wéinst de rezente Sprengungen net verschäerft. Si gi reegelméisseg à jour gesat, och an enker Koordinatioun mat der Police, erkläert de Laurent Derkum.

“Mir si relativ sécher, dass eise System, deen en place ass, à jour ass. Deen Dispositif, deen do ass, deen entsprécht de Standarden.”

Wann d’Suen also an der Reegel onbrauchbar sinn, nodeems e Bankomat gesprengt gouf, kann ee sech also froen, firwat et dann ëmmer nees versicht gëtt. Och bei de Raiffeisen stellt ee sech déi Fro. Eng richteg Äntwert dorop huet awer och de Laurent Derkum net.

“Ech mengen, et ass sécher eng kriminell Energie hannendrun, fir dat dote ze maachen, mat der Hoffnung, dass een effektiv dovunner Profit ka schloen. Nom Motto: ‘Probéiere mir emol, et wäert scho goen.”

D’Bank ass méi concernéiert wat eventuell mënschlech a materiell Schied ubelaangt, erkläert de Kommunikatiounsdirekter vun der Raiffeisebank.

Lauschterenplay_arrow