arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spidolssecteur net representéiert - MSH mécht Dieren op fir all Spidolsdokteren

AMMD WIER ZE WÄIT GAANGEN

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Spidolssecteur net representéiert - MSH mécht Dieren op fir all Spidolsdokteren

D'Associatioun vun de Salariats-Doktere (MSH) mécht hir Dieren op fir alleguer d'Spidolsdokteren - also och fir déi liberal. Dat ass d'Resultat vun der Ofstëmmung iwwer eng Statutenännerung op enger aussergewéinlecher Generalversammlung de Méindegowend am CHL.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ronn 90 Prozent - also 83 Leit - hunn ofgestëmmt. Vun deenen 90 Prozent ware bis op een ongültege Walziedel alleguer unanime fir eng Statutenännerung.

Am Januar wéilt een dann och de Verwaltungsrot nei besetzen, et soll jeeweils een Dokter vun den dräi grousse Spideeler Member am CA ginn. Am Optimalfall esouguer jeeweils een Dokter vun alle véier groussen Urgencespideeler.

"Elo musse Membere rekrutéiert ginn"

Elo wier een optimistesch a motivéiert fir Leit ze rekrutéieren, seet d’Presidentin vun der MSH Monique Reiff.

“Mir hu vill gemeinsam Challengen, dat heescht d'Digitalisatioun, de Bachelor, de Master also d'Educatioun vun den Dokteren an aner Challengen. Well mir och mengen, datt d’Tarification à l'acte vläicht net méi dee richtege Wee ass fir e Spidol ze finanzéieren. Mee dat sinn Diskussiounen, déi dann elo an Zukunft mussen diskutéiert ginn.”

Ob d’MSH genuch Membere wäert rekrutéiert kréie fir eng Stëmm bei de Verhandlunge mat der CNS ze hunn, dat géif sech elo an den nächste Woche weisen, esou nach d’Monique Reiff.

Der AMMD keng Konkurrenz sinn

Et wéilt ee keng Konkurrenz fir d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun (AMMD) sinn, mee et wéilt een e Matsproocherecht hunn. D’AMMD wier, wat de Spidolssecteur ugeet, net representativ genuch, an déi Lück wëllt d’MSH elo fëllen.

“Also mir sinn elo éischter net op Oppositioun aus oder dorop d'AMMD fäerten ze dinn. Ech mengen och net, datt si eis wierklech fäerten, mee mir wieren éischter frou iwwer eng Kommunikatioun.”

De But wier et elo de Spidolssecteur zesummenzebréngen an zesummenzeschaffen, esou nach d’Monique Reiff.

play_arrow Lauschteren