D’Gewerkschaftsunioun OGBL/LCGB an d’Spidolsfederatioun (FHL) haten um Méindeg eng Reunioun fir hir Usiichten am Kader vun de rezenten Entwécklungen am Gesondheetssecteur ze beschwätzen.
Gemengt sinn ënnert anerem d‘Pläng vun der Regierung fir d‘Schafe vun Dokter-Gesellschaften ze erlaaben grad ewéi d‘Entscheedung vun der Doktesch an Zänndokteschassociatioun, fir d‘Konventioun mat der Gesondheetskeess ze kënnegen.
Si si sech eens, datt den ëffentleche Gesondheetssecteur op Solidaritéit a Gerechtegkeet baséiere muss. Béid Säite plädéiere fir eng éiergäizeg Politik, déi d’Penurie am Secteur bekämpfe soll.
Si schwätzen sech iwwerdeems konsequent géint eng Kommerzialiséierung vun der Medezin aus a fuerderen d’Bäihale vum Conventionnement vun den Dokteren an Dokteschen zu Lëtzebuerg. Esouwuel d’FHL wéi och d’Gewerkschaftsunioun sinn der Meenung, datt dezentraliséiert ambulant Strukture weiderhi mat de Spideeler misste verbonne bleiwen.
Iwwerdeems fuerderen OGBL, LCGB an FHL, datt de Kollektivvertrag vun der Spidolsfederatioun am ganze Spidolssecteur ouni Konditiounen applizéiert gëtt.
D‘Gewerkschaftsfront OGBL/LCGB hat dat d‘lescht Woch jo schonn an engem Bréif un de Premier kritiséiert a virun enger Privatiséierung vum Gesondheetssystem gewarnt. Dee Bréif soll iwwerdeems de Mëtteg och Theema an der Froestonn an der Chamber sinn.