Accidenter mat esou E-Trottinette wiere schonns duerch déi perséinlech Haftflichtversécherung ofgedeckt. Et wier dann och schwéier, fir eng Obligatioun anzeféieren, datt d‘Fuerer vun esou Trottinette Pabeiere missten dobäi hunn. Dat, well elektresch Trottinetten, d’selwecht wéi d‘Vëloen, net immatrikuléiert sinn, esou nach d‘Ministesch.
Dat wier och op enger Linn mat der Praxis an deene meeschte Länner an Europa, wou eng zousätzlech Versécherung oder Immatrikulatioun nëmmen néideg ass, wann d'Trottinette méi héich Geschwindegkeete kënnen erreechen oder méi eng grouss Leeschtung hunn.