Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spëtzekandidatin op der Sich no Majoritéiten

No den Europawalen

Spëtzekandidatin op der Sich no Majoritéiten

Am Europaparlament stellt sech d'Majoritéit vun de Fraktiounscheffen hannert de Prinzip vun de Spëtzekandidaten. D'Gewënnerin vun de Walen, d'Ursula von der Leyen, awer muss nach inhaltlech ferm verhandelen, fir eng Majoritéit vun de Stëmmen am Parlament ze kréien.

auto_stories

3 min

Foto: European Union

Zwee Deeg no de Wale koumen en Dënschdeg um 6. Stack am Paul Henri Spaak Gebei am Europaparlament d’Cheffe vun de Fraktiounen zesummen. D’Journaliste virun der Dier ware gespaant: Kënnt et hei schonn zu enger klorer Positioun vum Parlament, zum Beispill doriwwer, wie soll un der Spëtzt vun der nächste Kommissioun stoen?

Spëtzekandidate-System soll respektéiert ginn

D’Parlaments-Presidentin Roberta Metsola leeft laanscht d’Press, schwätzt vun engem gudde Meeting an wénkt Jo mam Kapp op d’Fro, ob de Prinzip vun de Spëtzekandidate respektéiert wäert ginn. Dee Prinzip also dee seet, datt de Walgewënner och sollt de Poste vum Kommissiounschef- oder Cheffin sollt besetzen.

Dobannen huet sech effektiv eng kloer Majoritéit dofir ausgeschwat. Frou doriwwer huet sech de Chef vu der Europäescher Vollekspartei, de Manfred Weber, gewisen.

"Das ist ein starkes Ergebnis, dass die Mehrheit beschlossen hat, dass sie zum Spitzenkandidatenprozess stehen. Das heißt, den demokratischen Willen der Bürgerinnen und Bürger, dass die stärkste Partei auch den Kommissionspräsidenten oder Präsidentin stellen kann, wurde heute bestätigt.“

D'Sich no Majoritéiten awer schéngt nach net ofgeschloss ze sinn. Zwar kënnt d’EVP zesumme mat de Liberalen an den europäesche Sozialisten op eppes iwwer 400 vun de 720 Sëtzer, mee déi zwee potentiell Koalitiounspartner verlaange vun der EVP, datt si sech no riets kloer ofgrenzt, sou d’Iratxe Garcia Perez vun de Sozialisten.

"D'Gespréicher hunn elo eréischt ugefaangen. Mir sinn op fir pro-europäesch Parteien, awer nimools mat rietsextremen."

Dat nämmlecht hat och d’Cheffin vun de Liberalen, d'Valérie Hayer, schonn e Méindeg ënnerstrach. Zu den Extrem-Rietse gehéiere fir béid Politikerinnen och d'Vertrieder vun der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer (EKR), mat deenen d'EVP Gespréicher net ausschléisst.

EVP schléisst Kooperatioun mat EKR weiderhin net aus

D'EVP schéngt sech no riets nach eng Dier ophalen ze wëllen. De Manfred Weber gëtt op widderholl Nofroe vun der Press keng kloer Äntwert.

"Fir d’éischt brauche mir Kloerheete vun de Sozialisten an de Liberalen. Den Olaf Scholz an den Emmanuel Macron mussen déi liwweren.“

Eng hallef Stonn hat hien nom Meeting nach mat der Cheffin vun deene Gréngen en tête à tête diskutéiert. Ass ee sech do méi no komm, war et d'Fro un d'Terry Reintke.

"Et schwätzt ee mateneen, an de Rescht muss een da gesinn.“

Déi Gréng wiere prett, Deel vun der pro-europäescher Allianz ze sinn.

Manfred Weber: Wieler hu Mëtt-rietsen Optrag ginn

Op där anerer Säit awer verstoppt de Manfred Weber net, datt et fir d’Ursula von der Leyen och ouni déi Gréng duer geet fir eng Majoritéit am Parlament zesummenzekréien. Den CSU-Politiker verweist op d’Walresultat, deem fir déi zukünfteg Politik misst Rechnung gedroe ginn.

"D’Leit hunn eis eng kloer Mëtt-riets Direktioun mat op de Wee ginn. Mir als EVP si prett mat allen ze verhandelen. D’Prioritéite sinn d’Kompetitivitéit an d’Sécherheet.“

An domat net de Green Deal an d'Klimaschutzmesuren, déi, sou d’Terry Reintke, fir déi Gréng nach ëmmer ganz uewe stinn.

Inhaltlech bleift also nach vill tëscht de Fraktiounen ze verhandelen.

Den nächste Méindeg schwätzen d’Staats - a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner bei engem Dîner eng éischte Kéier doriwwer, wien an der EU op wéi ee Spëtzeposte soll kommen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen