search

/ Spannunge mat der Regierung a Jerusalem

Noen Osten

|
headphones

1 min

Spannunge mat der Regierung a Jerusalem

Wärend dem israeelesche Krich a Palästina hu verschidde Länner, wéi zum Beispill Däitschland, hier Rüstungsexporter an Israel deelweis gestoppt. Fir den israeelesche President Benjamin Netanjahu ee Grond fir elo Milliarden ze investéieren.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Israel wëllt elo seng eege Waffenindustrie méi onofhängeg maachen. Fir dat nächst Joerzéngt wieren dofir 93 Milliarden Euro virgesinn, esou de Benjamin Netanjahu bei enger Zeremonie vu Loftofwier-Piloten.

Et hätt een elo d’Zil “eis Ofhängegkeet vun Drëttstaaten ze miniméieren, och déi vun eise Frënn”, esou de rietse Regierungschef a senger Ried.

Israel kritt ënner anerem vum UNO-Mënschrechtsrot ee Genozid an der Gazasträif virgehäit. Véier vu fënnef Konditioune fir e Vëlkermord wieren erfëllt.