D‘Direction generale de l‘immigration géif voll mat de Justizautoritéite kooperéieren, esou den Inneministère.
Den Inneminister Léon Gloden hätt wéinst der Gravitéit vun de Faiten decidéiert fir een Audit bei der Direction generale de l‘immigration ze lancéieren, heescht et an engem Communiqué.
Perquisitioune ënnert aanrem beim Innen- an Héichschoulministère
Perquisitioune gouf et beim Inneministère, méi genee bei der Direction generale de l‘immigration, dem Héichschoulministère, 5 Entreprisen an e puer Persounen.
Dat wéinst dem Verdacht ënnert anerem op Korruptioun, trafic d‘influence, Blanchiment a Mënscheschmuggel. Am Ganze wiere 25 Persounen inculpéiert, esou de Parquet.
Keen dovun ass aus dem Héichschoulministère, esou dee Ministère an engem Schreiwes. Bei der Perquisitioun am Héichschoulministère hätt d‘police judiciaire zwee Dossiere saiséiert wou de Verdacht géif bestoen, datt Diplomer gefälscht gi wieren.
De Parquet schwätzt vun enger grousser Operatioun, bei där 60 Polizisten, dräi Untersuchungsriichter an zwee Vertrieder vum Parquet involvéiert waren.
Gréisser administrativ Schwächten
Déi presuméiert Fraudeure solle Geld gefrot hunn, fir den Immigranten fiktiv Addressen hei am Land auszestellen.
Esou hätten déi sech, och mat ënnert anerem gefälschten Unerkennunge vun Diplomer, an de Gemengeregëster kënnen androen a Sozialleeschtunge vum Staat kréien, déi se net ze gutt haten.
Den Dossier géif awer och gréisser administrativ Schwächten un den Dag bréngen. Notamment, datt et keng Kontrollen, oder Méiglechkeete fir Kontrollen, bei den Aschreiwungen an d‘Gemengeregëster ginn.
Dateschutz behënnert d'Opklärung
De Parquet kritiséiert dann och, datt e wéinst dem Dateschutz déi betraffe Verwaltungen net iwwer de Bedruch an d‘Identitéit vun de presuméierte Fraudeure konnt informéieren, fir esou de Bedruch bei de Sozialleeschtungen ze stoppen.